Chicago... Mäin Numm ass Johnny ChicagoGrousse Casting fir den neien Johnny Chicago

Bob Konsbruck
Samsa Film sicht fir eng nei Serie nom Andy Bausch sengen Troublemaker-Filmer den Haaptduersteller.
© Samsa

Den Johnny Chicago kënnt zeréck, als Serie. 1988 huet den Thierry van Werveke († 2009) d'Roll vum Jacques Goudebour alias Johnny Chicago am Film Troublemaker gespillt a mat legendäre Sätz wéi "mäin Numm ass Johnny Chicago" oder "an elo d'Kees op an d'Klacken eraus" Lëtzebuerger Filmgeschicht geschriwwen.

Samsa Film sicht elo fir eng nei Serie ronderëm d'Kultfigur en neien "Johnny Chicago". Villäicht bass du, jo du deen dat hei elo grad liest, den neien Johnny.
Du schwätz Lëtzebuergesch a kéins den "Johnny Chicago" am Alter vu 25 Joer gutt duerstellen? Dann notz deng Chance!

Déi éischt Castinge sinn elo dëse Weekend (29. & 30. August) am Stall op der Schueberfouer tëscht 14:00 an 18:00 Auer.

Lauschtert hei de kompletten Interview mat der Roxanne Peguet, Co-Scénaristin a Regisseurin:

Interview mam Roxanne Peguet, Co-Scénaristin a Regisseurin

Weider Informatiounen iwwert de Casting fir den neien Johnny Chicago ginn et vun e Freideg (28/08) un op der offizieller Homepage.

Back to Top
CIM LOGO