2 Doudeger an 9 BlesséierterMann rennt zu Caen mam Auto an e Grupp Leit

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Caen am Nordweste vu Frankräich ass e Mann no engem Sträit mat sengem Auto a Leit gerannt.
Mann rennt zu Caen a Frankräich an e Grupp Leit, op d'mannst 2 Doudeger
No engem Sträit war et am Beräich vun der Gare zum Tëschefall komm. Op d'mannst 10 Persoune sinn, zum Deel schwéier, blesséiert ginn.

Op d'mannst eng Persoun ass dobäi ëm d'Liewe komm, zéng weiderer goufe blesséiert. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, goufe beim Virfall e Mëttwoch den Owend siwe Leit schwéier an dräi Leit liicht blesséiert. Eng zweet Persoun ass entretemps un hire Blessure gestuerwen. De Parquet geet net vun engem terroristeschen Hannergrond aus.

Wéi d'Police mellt, war de Mann mat sengem Auto géint 22:15 Auer no engem Sträit an e Grupp Leit virun der Gare vu Caen gerannt. Dem Departement Calvados no hätt de Mann d'Foussgänger "express" iwwerrannt.

De 26 Joer ale Verdächtege war fir d'éischt geflücht, konnt awer zu Ouistreham ronn 20 Kilometer vu Caen ewech gestoppt a festgeholl ginn.

De Verdächtegen, deen a Russland gebuer ass, wier der franséischer Police bekannt, awer "nëmme wéinst Verkéiersdelikter". De franséische Geheimdéngschter wier hien net bekannt gewiescht. Géint de Mann goufen Ermëttlunge lancéiert, d'Enquêteure wäerten ënnert anerem d'Opname vun Iwwerwaachungskameraen aus.

D'Doudesaffer ass Aenzeien no e jonken Afghan am Alter vun 18 oder 19 Joer. Och déi Blesséiert wieren all Männer, wéi et vum Sécherheetsbeoptraagte vun der Stad, dem Bruno Coutanceau heescht. Dee Jéngste wier deemno 17 Joer al. Zum zweeten Doudesaffer ass den Ament nach näischt gewosst.

Back to Top
CIM LOGO