
D'Schoulrentrée steet virun der Dier a fir de Jean-Claude Henkes ass et déi éischte Kéier zënter Joerzéngten, dass hien net am Buttek steet fir Schoulbicher ze verkafen. E bësse vermësst hien déi Atmosphär vun Neiufank, mä natierlech genéisst hien och seng Pensioun, déi hien den 1. Januar 2026 geholl huet.
An enger Librairie ze schaffen, dat war e Kandheetsdram vum Jean-Claude Henkes. Deen Dram huet sech den 1. August 1981 erfëllt, wéi hien an der Librairie Ernster an der Rue du Fossé an der Stad ugefaangen huet.
Wéi maachen d'Librairen et eigentlech, fir ëmmer um neiste Stand ze sinn?
Jean-Claude Henkes: mir kréie jo och enorm vill Informatioune vun den Editeuren, dat heescht, mir gi schonn informéiert, ganz oft, véier, fënnef, sechs Méint am viraus, wat bei engem Editeur erauskënnt - ier dat elo hei zu Lëtzebuerg ass, oder an Däitschland, Frankräich - dass mir eis op eng Rentrée Littéraire och kënne preparéieren. Dat heescht, do kréie mir scho gesot wat den Editeur amgaangen ass ze preparéieren. Mir liesen extrem vill all Dag Rezensiounen iwwer Publikatiounen, soss ass et onméiglech fir all Buch vun der éischter Säit bis zum Schluss ze liesen. Dat ass scho wichteg, dass mir wëssen, wat erauskënnt. Mir wëssen natierlech, oder mir decidéiere wat mir akafen, well mir eise Public, eis Clientèle och kennen.
Muss da jiddereen, deen an enger Librairie schafft, iwwer all Bicher Bescheed wëssen?
Jean-Claude Henkes: Hei an der Stad schaffe mir zu enger Dose Leit an do huet jiddereen seng Responsabilitéit. Dat heescht mir hunn ee Kolleeg, dee këmmert sech ëm d’franséisch Literatur, en aneren ëm déi däitsch Literatur, dann hu mer Leit déi sinn zoustänneg fir d’Kannerbuch, fir Sachbicher, sief dat Gaarden- oder Kachbicher. Ech maachen haaptsächlech, an dat an deene leschte 15 Joer, intensiv ganz vill Lëtzebuerger Literatur.
Wéi huet hien an all deene Joren d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur erlieft?
Jean-Claude Henkes: Ech hu wärend deene 40 Joer gesi wéi d’Lëtzebuerger Literatur, oder wéi d’Luxemburgensia, wéi dat sech entwéckelt huet oder wat vun Editeure bäikomm sinn, wat vun Editeuren ewechgefall sinn. An der Literatur an den 80er Joren hu mer haaptsächlech vun e puer Lëtzebuerger Auteure geschwat, wann ech soen elo e Rewenig, oder e Manderscheid oder en Helminger, mä dat ass awer elo an deene leschten 20 Joer, ass d’Lëtzebuerger Belletristik, ass déi explodéiert. Dat heescht et kënnt immens vill eraus, et gëtt och vill publizéiert wat ganz gutt ass, an ech muss och soen, an der Literatur, am Sachbuchberäich, an der Luxemburgensia, et ass qualitativ enorm, ganz gutt Saachen déi op de Marché kommen.
Bicher waren ëmmer schonn dem Jean-Claude Henkes seng Passioun, an awer huet hien 1996 decidéiert, emol eppes ganz aneschters ze maachen...
Jean-Claude Henkes: Jo, dat stëmmt. Ech hunn '81 ugefaangen an do hunn ech awer no 15 Joer d’Decisioun geholl fir opzehalen a fir fortzegoen an do hunn ech décidéiert, fir duerch Westafrika mam Vëlo ze fueren. Ech hu mer dunn e gudde Vëlo kaaft an do hunn ech, à la base hunn ech geduecht fir iwwer de ganzen afrikanesche Kontinent ze fueren, mä wéi ech dunn awer op eemol gemierkt hunn, dass dat riseg ass, do war ech dräi Joer a Westafrika ënnerwee, an dat mam Vëlo. Dat war immens beräicherend, ech hu ganz vill Leit kennegeléiert, ech hunn dat eleng gemaach. An doduerch, dass ech eleng ënnerwee war, hunn ech och extrem flott, interessant Leit kennegeléiert. Dat ass e bësse wéi eng Schoul gewiescht. Wann een dräi Joer op engem anere Kontinent ass, an et ass een eleng, dann ass den Alldag e ganz aneren, wéi wann een hei vu moies bis owes an der Librairie schafft.
Natierlech huet hien an der Zäit vill Leit kennegeléiert, ënner anerem och zwee ganz bekannt Schrëftsteller.
Jean-Claude Henkes: Ech hat eng ganz flott Renconter. Dat war zu Tanger, wou ech de Paul Bowles kennegeléiert hunn, bei dem ech e ganzen Dag a senger Wunneng war, bei dem ech konnt vill Froe stellen, mir hunn zesumme giess. Just eng kleng Parenthèse: dat ass deen, deen "Un thé au Sahara"/"Himmel über der Wüste" (The Sheltering Sky) geschriwwen huet, dat verfilmt gouf vum Bertolucci. Voilà, dat sinn dann esou flott Renconteren. Wa mir elo vun Tanger schwätzen, do hunn ech de Mohamed Choukri kennegeléiert, deen e ganz grousse Roman geschriwwen huet, "Le pain nu", e gouf a 40, 50 Sproochen iwwersat. A wärend deem ganze Parcours, wärend deenen dräi Joer, hunn ech all Woch Leit kennegeléiert. Ech hunn och ëmmer, wärend deenen dräi Joer, ganz oft bei de Leit geschlof. Dat heescht, ech war ganz wéineg an Hotellen. Ech menge wann ee mam Vëlo ënnerwee ass, reest een och ganz aneschters, et huet een och net dee Budget fir all Dag an en Hotel ze goen. An doduerch hunn ech ganz vill bei de Leit geschlof an dat war eng formidabel Erfarung.
(Umierkung vun der Redaktioun: De Roman vum Paul Bowles huet 1983 de Sting dozou inspiréiert fir d'Lidd "Tea in the Sahara" fir den Album "Synchronicity " vu The Police ze schreiwen)
Anescht wéi dat haut de Fall wier, hat hien deemools keen Handy dobäi, an heem telefonéieren, dat goung just maximal een oder zweemol de Mount. Et war och eng Rees mat engem klengem Budget, bei der hie seelen an engem Hotel geschlof huet.
Jean-Claude Henkes: Dat war bei ganz normale Familljen, dat war wann ech ukomm si mam Vëlo am spéiden Nomëtteg dann. Wann e Wäisse mam Vëlo do ënnerwee ass, dann huet een direkt immens vill Kanner ronderëm sech an dann hunn ech ganz oft gefrot, jo wou kann ech dann hei hei iwwernuechten, a meeschtens wollten d’Kanner dann alleguerten, dass ech bei jidderengem sollt doheem schlofen. An esou war dat dann, dann hunn ech bei Leit doheem iwwernuecht, heiansdo eng Nuecht, heiansdo sinn ech zwou oder dräi Nuechten an derselwechter Famill bliwwen. A wann ech da viru gefuer si mam Vëlo, dann huet ganz oft déi Famill wou ech war, déi hu mer da gesot, majo wann s du elo Owes an deem Duerf ukënns, da frees de no dem, well dat ass e klenge Cousin, oder iergend e Member vun der Famill, oder, voilà. Sou huet dat och ganz oft funktionéiert. Dat ass verréckt, dat heescht déi dräi Joer hunn ech quasi déi ganzen Zäit sou funktionéiert, dass ech ëmmer bei Familljen, déi ech jo guer net kannt hunn, déi ech da kennegeléiert hunn, bei deenen hunn ech dann ëmmer ganz kuerz gewunnt.
A wéi eng Länner huet seng Rees hien da gefouert?
Jean-Claude Henkes: Westafrika, dat heescht do hunn ech an Nordafrika, ech hunn natierlech am Maroc ugefaangen. Ech war quasi ee ganzt Joer am Maroc, ech war dunn am Sahara Occidental e puer Méint, du war ech sechs Méint an der Mauritanie, ech war dann och nach sechs Méint am Senegal, an do sinn ech mam Vëlo an de Mali gefuer, an do sinn ech och nach sechs Méint am Mali bliwwen. An dunn hat ech net méi ganz vill Geld op mengem Konto hei zu Lëtzebuerg an do war d’Decisioun relativ schnell geholl, dass ech rëm misst zeréck. Ma voilà, no dräi Joer ass et dann awer och duergaangen. Ech hat ee Moment geduecht nach an de Burkina ze fueren, an de Ghana ze fueren, an, nee, dat ass awer dunn duergaangen.
Wéi war et da fir no dräi Joer nees heemzekommen?
Jean-Claude Henkes: Wéi ech dunn erëmkomm sinn, et war jo ganz kloer, dass ech dunn erëm an e Beruffsliewen hei zu Lëtzebuerg, dass ech erëm schaffe ginn. Dat war um Ufank awer net esou evident. D’Fro huet sech och elo net esou direkt gestallt, ier ech elo erëm an d’Librairie bei mäi Patron, bei de Fernand ginn, oder eppes ganz aneschters maachen. Ech hat ee Moment geduecht, fir d’Kooperatioun eventuell ze schaffen, well ech jo awer dräi Joer um afrikaneschen Terrain och war an och e bëssen déi Situatioun och do kannt hunn. Jo, do war dat um Ufank net esou evident. An de Fernand koum eng Kéier, mir hunn eis eng Kéier begéint, och hei an der Stad, an de Fernand sot dunn zu mir, lauschter, ech sinn amgaangen, e Point de Vente an der City Concorde opzemaachen. Wëlls du do net emol eng Hand upake fir d’Leit ze rekrutéieren, fir Formatiounen ze maachen? Bon, dat war immens, dass hie mir dat esou proposéiert huet. Ech war awer net esou sécher, ier ech dat erëm soll maachen, ier ech zeréck soll an d’Librairie goen. An du sot ech, Fernand lauschter, da komm mir maachen dat. Ech maachen dat fir dech, dräi Méint, sechs Méint, an da kucke mer virun. An herno war et dann esou, duerno sinn nach eng Kéier 25 Joer dobäikomm! (laacht)
Kann de Jean-Claude Henkes dann esou einfach d'Welt vun de Bicher hannert sech loossen?
Jean-Claude Henkes: Nee, esou ganz net, dat muss ech och soen. Dat ass net einfach, wann een esou laang an deem Beruff mat Häerz a Séil dobäi ass, fir da vun engem Dag op deen aneren opzehalen. Dat maachen ech net. Ech probéieren op alle Fall nach mat engem Fouss an der Librairie dobäi ze sinn an ech wäert mech dann nach ëm déi extern Manifestatioune mat Kolleege këmmere fir Bicherdëscher ze maachen, fir dobäizesinn wann den Institut Pierre Werner Auteuren invitéiert, wann den CNL zu Miersch Table Ronden organiséiert, wann d’Nationalbibliothéik Konferenzen huet. Wéi schonn ugeschwat, d’Walfer Bicherdeeg, dat ass eppes wat mir ëmmer immens Spaass mécht. Do wier ech frou wann ech dat nach kéint een, zwee, dräi Joer virumaachen.