
Déi beschten Zäit huet e Samschdeg den Tadej Pogacar op d'Stroosse vu Monaco geluecht, deen als Zweetleschten un den Depart gaange war. Mat enger Zäit vun 10 Minutten a 57 Sekonnen huet de Sloween sech mat enger Avance vun nëmmen 9 Honnertstel op de Britt Ethan Hayter duerchgesat. Komplettéiert gouf de Podium op dëser éischter Etapp vum Britt Joshua Tarling.
Mam Alex Kirsch, Mats Wenzel an Arthur Kluckers si bei der Vuelta och 3 Lëtzebuerger um Depart. Fir de Wenzel an de Kluckers ass et déi éischt grouss Tour. Dat bescht Resultat hat e Samschdeg den Arthur Kluckers, dee sech mat enger staarker ganz Zäit vun 11:08 Minutten als 10. klasséiere konnt. Den Alex Kirsch ass den 30. ginn (+0:26) an de Mats Wenzel huet et op déi 136. Plaz gepackt (+0:57).
Et ass déi éischte Kéier an der Karriär vum Pogacar, dass hien de Roude Maillot bei der Vuelta iwwerhëlt.