An der Géigend vu MiddlesbroughSiwen Doudeger bei Accident tëscht Geeschterfuerer a Policeauto an England

RTL mat AFP
Op enger vun de wichtegste Stroossen am Norde vun England ass et e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen zu engem uergen Accident komm. Siwe Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm.
Archivbild
Archivbild
© ARTUR WIDAK/NurPhoto via AFP

Den Accident war e Samschdeg de Moie kuerz no 3:00 Auer Lëtzebuerger Zäit bei Middlesbrough am Nordoste vun England. Den éischten Erkenntnisser no ass e Gefier an déi falsch Richtung op d'Autobunn gefuer a frontal mat engem Policeauto kollidéiert, deen a Richtung Stadzentrum ënnerwee war.

Am Policegefier souzen zwee Beamten, am aneren Auto fënnef Persounen. Keng vun de siwe Persounen huet déi uerg Kollisioun iwwerlieft. Si sinn nach op der Plaz un hire schwéiere Blessure gestuerwen.

D'Police vu Cleveland huet matgedeelt, datt nach net gekläert wier, firwat d'Gefier op der falscher Stroossesäit ënnerwee war. D'brittesch Police-Inspektioun (IOPC) huet eng Enquête lancéiert. Wéi d'Noriichtenagence PA ënner Beruffung op d'IOPC schreift, soll den Auto mat de fënnef Passagéier kuerz virdru vun der Police verfollegt gi sinn.

Iwwer zéng Ambulanze waren op der Plaz vum Accident am Asaz, fir d'Rettungsaarbechten ze ënnerstëtzen an d'Plaz ofzesécheren.

Den uergen Accident fält an eng Zäit, an där d'Gefor vu Geeschterfuerer an England an Irland ëmmer méi diskutéiert gëtt. Eréischt dës Woch hat den iresche Policechef Justin Kelly virun där Entwécklung gewarnt. Rezent war et an der Géigend vun Dublin schonn zu zwee änlechen Accidenter komm. Bei engem dovunner ware fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm. Dem Policechef no géif et esouguer Fäll ginn, bei deene jonk Leit bewosst an déi falsch Richtung op Autobunne fueren, ugestachelt duerch Inhalter op de soziale Medien.

Back to Top
CIM LOGO