De Robert Cloos, genannt de Rubesch, ass den 10. September gestuerwen. Wann hien och keng Perséinlechkeet aus der Ëffentlechkeet war, sou gesäit een dach un de ville Reaktioune vun Trauer an de soziale Medien, dass hien an der Zivilgesellschaft e prominente Lëtzebuerger war.
Grouss ginn ass hien um Lampertsbierg, wou hien och am Jongelycée seng Première gemaach huet. No engem kuerze Besuch op der Uni vu Léck ass hien zréck op Lëtzebuerg komm an huet bis zu sengem Doud op der Post geschafft. Hei war hie souwuel bei de Clientë wéi bei senge Mataarbechter beléift a bekannt duerch seng hëllefsbereet a sympathesch Aart a Weis, déi lescht Joren als Preposé vun der Hesper Post.
Och war hien e Liewe laang benevole an der Gesellschaft engagéiert, sief et an de Scouten, sengem kulinaresche Veräin den "Zerwéiten" oder beim Kënschtlerkollektiv MASKéNADA. Do huet hie bei villen Theater-, Danz- a Museksproduktiounen an de Kulissen, der Organisatioun oder an der Keess gehollef. 2012 huet hien dem Serge Tonnar & Legotrip hir bekannte Bopebistro Tour matorganiséiert. Iwwerall war hien och bekannt a beléift fir seng Kachkonscht, mat där hien ëmmer nees Frënn a Famill zesummebruecht huet. Si all si sech eens: De Rubesch war en Unikum, dee soubal net vergiess wäert ginn.