Plënnerkëschte, wou een och hikuckt, just nach eenzel Film-Affichen un de Maueren a komplett eidel Studioen. Do wou 13 Joer laang zeg Filmer gedréint a produzéiert goufen, sinn d'Raim a Büroen elo lues awer sécher komplett eidel an ouni Liewen. En trauregt Bild virun allem fir déi Leit, déi jorelaang do geschafft hunn. "Lo op eemol ass et driwwer, an dat deet wéi", seet de Produzent Paul Thiltges, och wann et ëmmer alles ideal gewiescht wier:
"Vläicht hätt ee Studio e bësse méi grouss misse sinn an deen aneren e bësse méi kleng. Mee déi Studioen, déi hunn elo iwwer 13 Joer, iwwer 80 Filmer, Koproduktioune gedréint. A mat deenen anere Produktiounen, oder Publicitéiten a wat et ëmmer alles war, sinn mer bei iwwer 150."
Investissementer waren néideg, fir ënner anerem déi zwee Filmstudioen op den neiste Stand ze bréngen. Der Rechnung vum Filmland no wieren dat iwwert déi nächst fënnef Joer maximal 250.000 Euro d'Joer gewiescht:
"Et brauch nach warscheinlech e bëssen Zäit, fir ze verstoen, firwat dat Ganzt hei esou net geklappt huet, firwat mer mam Filmfong, deen déi Mëttelen net hat, deen net konnt, dee wollt, keng Léisung fonnt hunn, mee och net mat der Regierung, déi gesot huet, Europa verhënnert eis an esou weider. Mir stelle just fest, iwwerall an Europa ginn et Studioen, an déi kréien alleguerten och Hëllefen."
Et wier einfach extreem schued, datt een dat elo alles misst opginn, alles op enger Plaz zesummen ze hunn, e sougenannten "One-Stop-Shop", wéi Filmland sech genannt huet, wier net alldeeglech. Zu Kiele waren ëmmerhin Studioen, Produktiounsbüroen, Toun, Montage, Effekter a Postproduktioun op engem Site:
"Mir hunn hei en Knowhow opgebaut vu Leit, déi Dekorer bauen, vu Leit, déi also déi Saachen, och Accessoiristen an esou weider, alles wat gebraucht ginn ass. Mir hate mëttlerweil an Europa eng Reputatioun, dass mer wierklech saugutt Professioneller wären, éierlech och, et si keng gréisser Katastrophe passéiert an esou weider."
Och de Jérôme Teewes, Direkter vun de Filmlandstudioen, ass der Meenung, datt d'Fermeture fir vill Leit aus dem Secteur e grousse Vide hannerloosse wäert:
"Pour moi, Filmland n’a jamais été un simple outil de travail ou un complexe technique : c’était un véritable lieu de vie. Un espace unique où une multitude de métiers, d'artisans, de techniciens et de créateurs se croisaient, échangeaient et faisaient vivre au quotidien le cinéma luxembourgeois pour donner naissance à de magnifiques projets. Je sais sincèrement que cette disparition laissera un grand vide pour de très nombreux acteurs de notre secteur. On pourrait légitimement s'inquiéter de l'impact négatif qu'aura l'absence de studios sur la diversité et l'ambition des projets qui pourront être produits au Luxembourg à l'avenir. Mais aujourd'hui, je fais le choix de retenir le positif. Je suis profondément convaincu que tout ce que Filmland a généré, porté et produit au cours de ces presque 14 années a laissé une empreinte indélébile chez chacun d'entre nous. Et c'est précisément cette mémoire vivante qui nous fera rapidement prendre conscience à quel point un studio de cinéma demeure un outil fondamental et indispensable pour notre industrie.Ce n'est qu'un chapitre qui se tourne, et ce que nous avons construit ensemble continuera d'inspirer la suite."
De Produzent Paul Thiltges erënnert sech nach gutt a gär un eng Partie Projeten a virum allem Dekoren, déi an de Studioen vum Filmland opgeriicht goufen. Dorënner fir de Film "Peter and Wendy"
Oder och nach fir de Film "Murer – Anatomie eines Prozesses"
Dem Paul Thiltges no wier d'Filmland extrem wichteg gewiescht, dofir ass en och skeptesch wéi et elo weider soll goen. Hien huet awer och Hoffnung datt déi nei Generatioun vu Produzenten sech anescht uleeën an aner Léisungen fannen wann se dann eben net méi sou einfach a vill a Studioen kënnen dréinen.