Parquet Tréier confirméiertZwou Festnamen am Kader vum Mord un 29 Joer aler Studentin zu Tréier

RTL Lëtzebuerg
Viru knapps zwou Woche war eng 29 Joer al Studentin, déi vun hirer Mamm vermësst gemellt gi war, dout an hirer Wunneng an der Tréierer Nordallee fonnt ginn. Eng Autopsie huet confirméiert, datt et keen natierlechen Doud war.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Nodeems déi Tréierer Zeitung "Trierischer Volksfreund" en Donneschdeg de Moie gemellt hat, datt et zwou Festnamen am Fall ëm de Mord un der 29 Joer ale Studentin gouf, huet en Donneschdeg am Nomëtteg de Parquet weider Informatioune bekannt ginn.

Wéi et am Schreiwes heescht, géif et sech bei de Beschëllegten ëm e 35 Joer ale Mann aus dem Saarland an eng 25 Joer al Fra vun Tréier handelen. Béid Persounen hätten d'Affer eng Zäit virun der Dot kennegeléiert. Den aktuellen Erkenntnisser vun der Enquête no besteet dem Parquet vun Tréier no de Verdacht, datt déi Beschëllegt, déi matenee bekannt sinn, de Plang haten, fir an de Besëtz vun de Bankkaarte vum Affer ze kommen, fir domadder Boergeld vum Konto vum Affer opzehiewen a sech ze beräicheren. Bei engem Openthalt vum 35 Joer ale Mann an der Wunneng vum Affer de 16. Juli soll dësen d'Fra mat engem spatze Géigestand attackéiert an hir déidlech Blessuren zougefüügt hunn. De Beschëllegte soll no der Dot d'Wunneng verlooss d'Bankkaarte vum Affer matgeholl hunn. De 17. Juli soll déi beschëllegt 25 Joer al Fra mat der Bankkaart vum Affer op engem Bancomat zu Tréier Suen opgehuewen hunn, fir dës mam Matbeschëllegten ze deelen.

De Parquet vun Tréier huet en Haftbefeel géint déi Beschëllegt erausginn. Géint si gëtt wéinst Mord enquêtéiert. En Donneschdeg de Moie gouf et Perquisitiounen an de Wunnenge vun de presuméierten Täter a se goufe festgeholl. D'Enquête leeft weider. Bis zum Urteel gëllt d'Présomption d'innocence.

D'Mamm, déi hir Duechter vermësst gemellt hat, hat fir d'lescht freides de 17. Juli vun hir héieren. Sonndes huet d'Police déi 29 Joer al Studentin dunn dout an hirer Wunneng fonnt. D'Police hat bis ewell nach net vill Informatiounen zum Fall matgedeelt, well nach no Verdächtege gesicht gouf a si kee sougenannt "Täterwissen" wollten un d'Ëffentlechkeet komme loossen. De Mord un der Studentin vun der Universitéit Tréier koum just e puer Deeg nom Mord um Tréierer Student Marius D. Hie war net wäit vun der Uni op oppener Strooss erstach ginn.

Dat komplett Schreiwes vum Parquet Tréier fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO