Rock am Gaart - Englesche Flair an der FielsGregor Alonso: "Mir hunn eis Hochzäit hei am Gaart gefeiert"

Rosa Clemente
D'Magazin-Ekipp war en Dënschdeg den Owend op Besuch bei der Famill Alonso-Barudio an der Fiels.
Rock am Gaart - Episod 1
Englesche Flair an der Fiels

Fir déi musikalesch Ambiance a Stëmmung huet d'lëtzebuergesch Band Max Feller & d'Museksmécher gesuergt, déi mat hire satireschen a humoristesche Lidder de Public iwwerrascht huet.

Hannert dem Haus vum Patrick Barudio a sengem Partner Gregor Alonso verstoppt sech eng richteg gréng Oas. De Gaart am englesche Stil, mat ville Blummen, engem Weier, engem Geméisgaart an enger Rei léiwen Detailer, gëtt dem ganze Site e romantesche Flair.

"Et war de Grond, firwat mir d'Haus kaaft hunn", erzielt de Patrick Barudio. Zënterhier huet virun allem säi Partner Gregor Alonso vill Zäit an d'Gestaltung an den Ënnerhalt vum Gaart investéiert. "Op d'mannst zwou Stonnen den Dag sinn ech am Gaart, fir alles propper a schéin ze halen", seet hien.

Vun engem Profi ugeluecht

D'Maison de Maître soll iwwer Jore Besëtz vun enger bekannter Famill aus dem Duerf gewiescht sinn. De Gaart gouf, esou d'Besëtzer vun haut, deemools vum Haffgäertner vu Fëschbech ugeluecht.

Zënter d'Koppel Barudio-Alonso do wunnt, huet sech de Gaart awer weiderentwéckelt. "Et ass mir wichteg, datt mir keng invasiv Aarten am Gaart hunn an datt et eng Plaz ass, wou ee sech einfach wuel fillt", erkläert de Gregor Alonso. Mat sengem Beruff beim Service des Parcs vun der Stad Lëtzebuerg ass hien och berufflech en Expert a Saache Gaardebau.

"Lëtzebuerger Gangster" an "De Pappentrick"

Ronn 50 Leit haten der Koppel aus der Fiels zougesot, fir bei hinnen ee gemittlechen Owend am Gaart ze genéissen. Ma den Highlight vu "Rock am Gaart", ass awer kloer de Live-Concert fir deen déi invitéiert Bands suergen. Max Feller & d'Musekmécher ware keng Ausnam. Hir Lidder: meeschtens satiresch an humoristesch a gräifen Themen aus dem Alldag vun der lëtzebuergescher Gesellschaft op. Sou munch een Invité huet dobäi sécher geschmunzelt.

RTL suergt am Summer fir eenzegaarteg Owender mat Live-Bands an aussergewéinleche Privatgäert am Land. E gefleegte Blummegaart, e schéine Weier, oder eng flott Grill-Plaz? Mir hunn am Virfeld via Opruff déi schéinste Gäert am Land gesicht. Vum 28. Juli bis den 31. Juli stelle mir eise Magazin-Studio a véier ausgewielte Gäert op, a sende vun do aus live, allkéiers direkt nom Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO