
Och baussent de Lëtzebuerger Grenzen kritt een iwwert de Summer e breede kulturelle Programm gebueden. An Däitschland, ronn 45 Minutte mam Auto aus der Stad, kënne Literaturfrënn um éischte Literaturfestival vu Saarburg en Dag laang an d'Welt vun de Bicher andauchen.
8 Auteuren an Autorinnen liesen hei aus hire Bicher vir. Dorënner ass och de Werner Giesser, deen als eenzege Lëtzebuerger Auteur dobäi ass an aus sengem Krimi-Roman "Die Gutland-Morde" virliest, deen 2023 eraus komm ass. An dësem geet de Kommissär Weyrich enger Rei déidlechen Autosaccidenter no. Seng Ermëttlunge féieren hien bis op Mallorca.
Nieft de Liesungen an der Glockengießerei Mabilon, kritt een um Literaturfestival och nach eng Rei Talks ze lauschteren a fir eng musikalesch Ënnerhalung ass och gesuergt.
Dee komplette Programm vum Literaturefestival zu Saarburg den 2. August fannt Dir hei.