"Ganz knapp net mat dra geroden"Lëtzebuerger Student zu Berlin erzielt vum Moment nom Attentat

RTL Lëtzebuerg
Nom presuméierten Attentat zu Berlin e Samschdeg ass déi ganz Stad déif getraff, sou och e Lëtzebuerger a senger éischter Reaktioun aus der däitscher Haaptstad.
Leit gedenken den Affer vun der Attack op de Christopher Street Day virum Brandenburger Tor zu Berlin.
Leit gedenken den Affer vun der Attack op de Christopher Street Day virum Brandenburger Tor zu Berlin.
© RALF HIRSCHBERGER/AFP

Um Dag no der déidlecher Autosattack op de Christopher Street Day zu Berlin hu mir mat Lëtzebuerger geschwat, déi an der däitscher Haaptstad wunnen an dat Ganzt mat erlieft hunn. Een dovunner, de Lëtzebuerger Student Ben Poull, war nëmmen e puer Minutte virum Ugrëff nach selwer op der Plaz, op där sech d'Tragedie zougedroen huet.

Bis et zur déidlecher Attack komm ass, war alles an der Rei a jiddereen hat eng "mega Zäit", erzielt de Lëtzebuerger Student. Datt et sech ëm e geziilten Ugrëff op de Christopher Street Day soll gehandelt hunn, wier enorm tragesch, well esou vill oppe Leit op dem Evenement gewiescht wieren.

De Ben Poull:

Also ech sinn en heterosexuelle Mann. Ech sinn u sech net déi Minoritéit, déi do kämpft, mee ech sinn trotzdeem derbäi. Ech supporten dat. An et ass einfach esou schued, well et esou e schéinen Dag ass – esou vill cool Leit gesinn, mat esou vill coole Leit geschwat. Esou oppe Leit, esou häerzlech Leit. An dass do esou en Uschlag gemaach gëtt géint déi Leit, ass einfach esou traureg. Also, dat huet mech schonn an deem Moment wierklech matgeholl, dat sou ze héieren. An och, wéi gesot, well mir u sech ganz knapp sou net mat dra gerode sinn.

Lëtzebuerger Student nom Attentat zu Berlin

E Samschdeg den Owend ass beim Tiergarten eng Camionnette a Leit gerannt, um Bord vun de Manifestatioune fir de Christopher Street Day. Duerno ass den Täter nach mat engem grousse Messer op Leit lass gaangen an huet Persoune schwéier blesséiert.

Eng Fra koum dobäi ëm d'Liewen an 29 Leit goufen zum Deel uerg blesséiert. D'Sich nom Täter leeft nach ëmmer op Héichtouren.

Inneminister annoncéiert verstäerkt Sécherheetsmesurë

De presuméierten Täter Abdul B. war den Autoritéite bekannt an als potentiell geféierlechen Islamist agestuuft. Et wier eng islamistesch motivéiert Dot, huet den Inneminister Alexander Dobrindt e Sonndeg de Mëtteg vis-à-vis vun der Press confirméiert.

Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt bei enger Pressekonferenz zu Berlin den Dag nom Attentat.
© JOHN MACDOUGALL/AFP

Den 21 Joer ale Verdächtegen ass an Däitschland op d'Welt komm an huet déi däitsch Nationalitéit. Hien huet libaneesesch Originnen.

Hie wier an der Vergaangenheet duerch eng sëllege Strofdoten an duerch seng Radikaliséierung opgefall, sou de Minister. De Mann gouf och schonn zu enger Prisongsstrof verurteelt, allerdéngs huet dat zoustännegt Geriicht e Sursis zeréckbehalen – e Verdikt, géint deen de Parquet Appell gemaach huet.

Beim Christopher Street Day haten e Samschdeg Honnertdausende Leit fir d'Rechter vun der LGBT-Communautéit demonstréiert. De Virfall war net um Festival selwer, wou strikt Sécherheetsmoossnamen en place waren, mä direkt donieft.

Den Inneminister Dobrindt huet nach deklaréiert, datt elo bei grousse Manifestatioune verstäerkt Sécherheetsmesurë solle gëllen.

Back to Top
CIM LOGO