Vue op Hesper Schlass Eng historesch Kuliss fir de leschte "Rock am Gaart" an engem Optrëtt vu Shirokuro

Fabienne Zwally
Eng leschte Kéier heescht et dës Woch "Rock am Gaart" an do hu mir en Ausbléck op eng historesch Kuliss.
© RTL

Zanter Joerzéngten ass d’Haus vum Tanja Forrette am Familljebesëtz. An dat virun allem och wéinst der Terrass mat der eenzegaarteger Vue op d’Hesper Schlass.

D’Hesper Schlass ass am 13. Joerhonnert gebaut ginn a loung strategesch gutt um Hiwwel, fir an d’Stad eran. Am 15. Joerhonnert gouf se e puer Mol zerstéiert, dofir fënnt een haut nëmmen nach d’Iwwerreschter vun der Buerg an der Buergmauer. Zanter 1984 stinn d’Iwwerreschter ënnert dem nationale Denkmalschutz.

An natierlech wäert och den Owend nees musikalesch Ënnerstëtzung op der Plaz sinn. Shirokuro ass japanesch an heescht "Wäiss-Schwaarz". Den Trio aus der Belsch huet sech hei zu Lëtzebuerg en Numm gemaach, well se um Ufank vum Joer als Kandidat beim Luxembourg Songcontest dobäi waren a fir eis mat wollten op de Eurovision goen.

Haut den Owend kréie mir da souwuel e bekannten Lidd vun hinnen ze héieren, wéi och e fonkelneit.

Den Owend de leschte "Rock am Gaart" fir dëse Summer nom Journal um 20 op 7 op der Tëlee a natierlech kënnt Dir all d’Episoden op RTL Play nokucken.

Back to Top
CIM LOGO