Géint Hallefnuecht goufen zu Mäertert d'Leit iwwer den LU-Alert System alertéiert, dat well um Hafen e Koup Schrott gebrannt huet. Well Schrott schwéier ze läschen ass an den Damp och potenziell gëfteg ka sinn, goufen d'Awunner opgeruff, Dieren a Fënsteren zou ze halen.
Op der Plaz waren d'Equippen vu Mäertert, Fluessweiler, Hesper, Manternach an der Stad, grad esou wéi eng Spezialunitéit vum CGDIS déi zoustänneg ass fir geféierlech Substanzen.
An de fréie Moiesstonnen huet de Mäerter Buergermeeschter Jérôme Laurent op Nofro matgedeelt, dass d'Feier an Tëschenzäit geläscht wier.
Dräi Persoune goufen dann en Donneschdeg den Owend op eise Stroosse blesséiert: Zu Leideleng huet et géint 18Auer gerabbelt. Zwee Autoe waren anenee gerannt, 2 Persounen goufe verwonnt. De SAMU aus der Stad war op der Plaz. An zur selwechter Zäit krute sech zu Beetebuerg een Auto an ee Camion ze paken, hei gouf et ee Blesséierten.