D'Situation um Wunnengsmarché ass zu Lëtzebuerg net evident. Och Esch ass do keng Ausnam. Fir neie Wunnraum ze schafen an doduerch d'Präisser ze drécken, soll nach dëst Joer eng Steier op eidel Wunnengen agefouert ginn, dat sot den Escher Buergermeeschter Christian Weis en Dënschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun. Een Thema am Interview war och déi rezent Plainte iwwer 130 Milliounen Euro géint d'Stad Esch.
Déi huet de Promoteur Kindy Fritsch agereecht. Hie reprochéiert der Escher Gemeng, datt si den Immobilieprojet PORTAL EENT, deen um fréiere Site vum Garage Losch entstoe soll, bewosst ausbremse géing. Dobäi sollt d'Stad Esch selwer 11 Eefamilljenhaiser kafen an als Logements abordables zur Verfügung stellen. De Kindy Fritsch behaapt zum Beispill, d'Gemeng hätt beim Enregistrement intervenéiert, fir de cadastre vertical ze stoppen. Do dernieft ass et de Virworf, datt d'Suen, déi fir PORTAL EENT virgesi waren, aus politesche Grënn op de Projet Rout Lëns ëmgeleet gi wieren.
Dozou den Escher Buergermeeschter Christian Weis: "Wann een zum Beispill de Pluriannuel liest, da gesäit een, datt nach ëmmer d'Montante fir déi béid Projeten do sinn. Also eis finanziell Situatioun vun der Stad Esch schléisst net aus, datt mer ee vun deenen zwee Projeten net kéinte maachen. Soit, och dee Reproche weise mer zeréck."
De Gemengepapp wollt awer net ze vill an den Detail goen, well den Dossier elo bei den Affekote vun deenen zwou Säite leie géing.
Zu Esch stinn aktuell ronn 8 Prozent vun de Wunnengen eidel. Am Fong gëtt et zwar schonn zanter 2012 eng sougenannt Leerstandssteier, mee déi gouf bis haut nach ni agedriwwen. Dat soll sech awer geschwënn änneren.
"Mir hu lo zanter eigentlech engem Joer, wou mer am Austausch si mam Inneministère, fir verschidde Formulatiounen, verschidden Definitiounen ze kucken. Ech si ganz zouversiichtlech, mir hu lo nach zwou Remarken, déi opstinn, dat war de Retour, dee mer am Juni vum Inneministère kritt hunn. Ech si ganz zouversiichtlech, datt mer dat lo dësen Hierscht kënne stëmmen an déi Taxe kënnen aféieren. Dat bedeit, datt en fonction vun der Gréisst vun de Wunnengen, och en fonction vun der Dauer, déi se eidel stinn, deelweis bis zu 10.000 Euro Taxe op eng eidel Wunneng kënne besteiert ginn."
Et géing een awer och nach op aner Piste setzen, sou géing d'Stad Esch selwer massiv bauen an et géing een och Gemengenterraine fräiginn, fir datt national Acteuren do Projeten ëmsetze kënnen.
Op de Kampf géint déi sougenannt Cafészëmmeren ugeschwat, huet de Christian Weis betount, et géing ëm de Spagat goen, engersäits Wunnraum, deen dréngend gebraucht gëtt, ze schafen an anerersäits awer ee gewëssen Niveau u Propretéit a Sécherheet ze garantéieren. Et géing een zwar reegelméisseg Wunnengen zoumaachen, mee et misst een de Leit dann awer och Alternativen ubidden.
Mat Bléck op d'Tatsaach, datt Canicullen an Zukunft éischter méi heefeg virkommen dierften, wëllt Esch kucken an Zukunft sou ze bauen, datt keng Hëtztinselen entstinn. Viru ronn engem Joer gouf ee Resilienzmanager agestallt, dee sech ënnert anerem dorëm këmmert a bis Enn des Joers eng Resilienzstrategie ausschaffe soll. Nach virdru soll ee "Guide du citoyen résilient" erauskommen, mat de wichtegsten Tuyauen, wéi ee sech als Bierger bei verschiddene Krise verhale soll.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.