Carlo Krieger stécht hannert ProjetMi’kmaq-Hieroglyphen als Inspiratioun fir e besonneschen Timber

Eve Bernardo
De Carlo Krieger, ee Lëtzebuerger Historiker an Ethnolog, huet sech zanter Jore wëssenschaftlech mat dem Christian Kauder a sengem Wierk beschäftegt.
© Postes Luxembourg

160 Joer ass et hier, zënter dat éischt Buch an de sougenannten Mi’kmaq-Hieroglyphe gedréckt ginn ass. E Buch, wat vun engem Lëtzebuerger geschriwwe ginn ass. De Christian Kauder war am 19. Joerhonnert als Missionar bei de Mi’kmaq ënnerwee, engem indigene Vollek aus dem haitege Kanada. Aus senger Zäit bei de Mi’Kmaq ass dunn 1866 dat éischt an eenzegt Buch an Hieroglyphe gedréckt ginn.

Reportage iwwer d'Mi’kmaq-Hieroglyphen / Eve Bernardo

Un dës Geschicht erënnert d’Post Lëtzebuerg mat engem historeschen Timber, deen de 5. Mee dëst Joer rauskomm ass.

Hannert dem Projet stécht de Carlo Krieger, ee Lëtzebuerger Historiker an Ethnolog, deen sech zanter Jore wëssenschaftlech mat dem Christian Kauder a sengem Wierk beschäftegt.

Eng Schrëft, déi bis Haut weiderlieft

D’Mi’kmaq-Hieroglyphe sinn eng Schrëftaart, déi aus Symboler besteet, an déi och bis haut nach benotzt gëtt. Dem Carlo Krieger no spillen d'Symboler och eng wichteg Roll an der Iwwerdroung vun der Kultur vun de Mi’kmaq. Si ginn der Traditioun, eng méi grouss Chance weider ze liewen. Deemno huet de Christian Kauder säi Buch mam Titel "Buch das gut: enthaltened den Katechismus, Betrachtung, Gesang", an Hieroglyphe geschriwwen. Esou sollten d’Mi’kmaq déi kathoulesch Relioun a Gebieder net vergiessen.

Fir de Carlo Krieger war dat awer och eng Form vun Ënnerdréckung vun den indigene Vëlker.

"Ass et ee reliéist, kathoulescht Buch fir ze missionéieren, dat heescht, och fir déi indigene Kulturen ze zerstéieren natierlech. Well dat hunn d’Europäer gemaach, wou se dohi gaange sinn."

Vun der Iddi bis zum fäerdegen Timber

D'Iddi vum Timber ass duerch dem Carlo Krieger seng Studien entstanen. Wärend senge Studien huet hie sech scho mat de Mi’kmaq beschäftegt, zielt hien eis. Doraus ass d'Iddi opkomm fir de Sujet als Timber bei der Post ze proposéieren. Dëst am Kader vun der Serie zu den historesche Personnagen.

An Zesummenaarbecht mat der Post a mat der traditioneller Regierung vum Mi’kmaq-Vollek selwer ass den Timber zustane komm. Vun der proposéierter Iddi bis zum fäerdegen Timber huet et iwwert ee Joer gedauert, esou de Carlo Krieger. Ongeféier aacht Méint vun dëser Zäit hunn intensiv Gespréicher tëschent dem Carlo Krieger an de Mi’kmaq stattfonnt. Zum Beispill, fir den Accord fir d'Benotze vun der Symbolik ze kréien.

Symboler mat Bedeitung

Den Design vum Timber ass zesumme mat de Mi’kmaq, dem Philatelie-Service vun der Post an och Ethnologen, déi op d'Mi’kmaq-Kultur spezialiséiert sinn, entstanen. Dobäi ass dann een Timber erschaf ginn, deen, dem Carlo Krieger no al an néi verbënnt.

"Den Timber, dank der Post, déi dann och een Designer gesicht huet, verbënnt al an nei. Den Timber verbënnt d'Buch vum Kauder vum 19. Joerhonnert an e verbënnt d'Benotzung vun deene Symboler haut."

Op dem rouden Disk um Timber sinn Hieroglyphen ze gesinn, déi aus dem Buch vum Christian Kauder stamen. Heibäi handelt et sech em reliéis Schrëften, déi zum Beispill "Jesus erbarme dich", oder "Mutter Maria hilf uns", bedeiten. De rouden Disk selwer ,ass ee Collier vun engem Stammes-Chef vun de Mi’kmaq. Dat Ganzt stellt d'traditionell Mi’kmaq-Regierung duer. Dës gouf nämlech vill duerch d'kathoulesch Relioun verännert. Dat awer sécherlech net fräiwëlleg, betount de Carlo Krieger.

© Postes Luxembourg

Niewent dem Timber gëtt et och eng Enveloppe, op där d'Geschicht nach weider erzielt gëtt. Do drop ass zum Beispill den Territoire vun dem Mi’kmaq-Vollek, ze gesinn. Den hallef Mound an de Stär, déi drop sinn, si weider traditionell Mi’kmaq-Symboliken. De Fändel, deen ze gesinn ass, gouf vun engem Kapuziner-Pater Ufank vum 20.Joerhonnert zesummegestallt a verbënnt kathoulesch Elementer mat Mi’kmaq-Symboler, esou de Carlo Krieger.

"Dat heescht, och do hutt der d’Verbanne vun traditionelle Mi’kmaq, reliéisen, wichtegen, kulturellen Elementer mat der kathoulescher Relioun. Dat heescht, et ass eng Aart Symbios. Och wa se net fräiwëlleg war, mee et ass eng Aart Symbios. An dofir sinn d’Mi’kamq ganz houfreg op hir traditionell Lienen, wou se hir Kultur abrénge kënnen an och haut presentéiere kënnen."

D'Fro vum Vokabulär

Wann ee vun de Mi’kmaq schwätzt, ass et villäicht och wichteg iwwert de Begrëff "Indianer" ze schwätzen. Fir de Carlo Krieger ass dëst Wuert net esou problematesch, virun allem net an Europa. Hie seet, datt déi meescht Europäer keng negativ Konatiounen domat verbannen. Ganz am Géigendeel, souguer éischter positiver. Dem Carlo Krieger no ass et eng kënstlech konstruéiert Debatt. Domat géifen d'Colonisateuren ee Wee sichen, fir dat gutt ze maachen, wat se mat den indigene Vëlker gemaach hunn. Wat awer quasi onméiglech ass. Hie betount awer och, datt hien d'Wuert a sengen akademeschen Aarbechten haut net méi einfach esou géif benotzen.

"Et ass ganz interessant, wann ech kucken haut, wat ech als Student 1980 geschriwwen hunn, Haut géif ech sécherlech net op déi Aart a Weis schreiwen, well d'Gesellschaft ass awer weidergaangen. De Respekt virun den indigene Vëlker ass méi grouss ginn. Se gi vill méi wouer geholl a se kréien ee Rôle an hirer eegener Geschicht. Virdrun hate se jo kee Rôle. D'Europäer sinn dohinner gaangen an hu se studéiert."

Vu Lëtzebuerg bis a Kanada

Den Timber gouf an enger Oplag vu 25.000 Exemplare gedréckt a kascht 2,40€. En ass awer net just ee Sammlerstéck. Mat him kann een e Bréif iwwerall op der Welt hi schécken, och a Kanada, wou dat traditionellt Siidlungsgebitt vun de Mi’kmaq ass, esou de Carlo Krieger.

Een Zeeche vu Respekt

Den Timber ass als Zeeche vu Respekt vis-à-vis vum Mi’kmaq-Vollek ze verstoen. D’Mi’kmaq konnten, ënnert anerem mat Hëllef vun den Hieroglyphen, ee wichtegen Deel vun hirer Kultur erhalen. Den Timber ass deemno zesumme mat de Mi’kmaq entstanen an net iwwert si.

Back to Top
CIM LOGO