
E Samschdeg den Owend ass d'Patrizia van der Weken bei der 1. Editioun vun de World Athletics Ultimate Championships an der Finall iwwer 100 Meter déi 6. ginn an huet d'Europameeschterin Amy Hunt hannert sech gelooss. D'Lëtzebuergerin ass e staarke Chrono vun 11,06 Sekonne gelaf. Domadder war si nach emol 2 Honnertstel méi séier wéi an der Halleffinall. D'Patrizia van der Weken ass domat zweemol knapp un hiren nationale Rekord erukomm. Dëse steet beim 11,00 Sekonnen. D'Lëtzebuergerin dierf sech iwwer e Präisgeld vu 14.000 US-Dollar freeën.
D'Victoire an domadder d'Präisgeld vun 150.000 US-Dollar (ronn 130.000 Euro) ass un d'US-Amerikanerin Melissa Jefferson-Wooden (10,62 Sekonnen) gaangen. D'Plazen 2 an 3 ware fir d'Julien Alfred vu Saint Lucia (10,74 Sekonnen) an d'US-Amerikanerin Sha'Carri Richardson (10,76 Sekonnen).
D'World Athletics Ultimate Championships sinn en neit Liichtathletik-Event vum internationale Liichtathletik-Verband World Athletics. Bei der éischter Editioun, déi vum 11. bis den 13. September 2026 zu Budapest organiséiert gëtt, trieden déi bescht Athletinnen an Athleten aus der ganzer Welt an engem kompakte Format géinteneen un. Qualifizéiert hu sech automatesch d'Olympiagewënner vu Paräis 2024, d'Weltmeeschtere vun Tokio 2025 an d'Gewënner vun der Diamond League 2026. Déi weider Plaze goufen iwwer d'Weltranglëschte verdeelt. Um Programm stinn 28 Competitiounen an insgesamt ginn 10 Milliounen US-Dollar Präisgeld verdeelt. Déi eenzel Gewënnerinnen a Gewënner kréien dobäi jeeweils 150.000 US-Dollar (ronn 130.000 Euro).