Groussbrand am Héije Venn (B): D'Situatioun am Liveticker
Feier nach net ënner Kontroll, 11 fräiwëlleg Pompjeeën aus Lëtzebuerg op der Plaz
Iwwer 110 Pompjeeë kämpfen den Ament géint d'Flamen am belschen Naturschutzgebitt Héich Venn a méi wéi 600 Leit goufen evakuéiert. Mam Damp, deen eriwwer op Lëtzebuerg zitt, ass dann och de Grand-Duché op d'mannst indirekt betraff. Suivéiert all d'Entwécklungen hei an eisem Liveticker.