Ungarn12 Doudeger nodeems Bus vun Autobunn ofkënnt, Chauffer war ageschlof

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg koum et an Ungarn op enger Autobunn zu engem déidlechen Accident mat engem Bus.
Ungaresch Policeautoen
Ungaresch Policeautoen
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

Wéi den ungaresche Premier Peter Magyar op Facebook mellt, wieren 12 Persounen ëm d'Liewe komm, wéi e Bus mat polneschem Nummereschëld vun der Fuerbunn ofkomm an ëmgetippt ass. Geschitt ass den Accident géint 1 Auer an der Nuecht an der Géigend vum Uert Mezökeresztes, eng 140 Kilometer ëstlech vun der Haaptstad Budapest. Op d'mannst 10 Persoune goufe beim Accident blesséiert. Éischten Enquêten no ass de Chauffeur bei der Faart um Steier ageschlof. D'Police huet de Mann festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO