No technescher PannZuchtrafic tëscht Clierf an Ëlwen nees opgeholl, och Schnellzich aus der Stad fuere rëm

Samantha Weber
Wéinst enger technescher Pann tëscht Clierf an Ëlwen sinn op där Streck e Méindeg de Moie keng Zich gefuer. Fir de Verkéier ze reguléieren, waren och d'Schnellzich tëscht der Stad an Ëlwen ausgefall.
Wéinst enger technescher Pann falen d'Zich tëscht Clierf an Ëlwen aus.
© CFL

Wéi d'CFL e Méindeg scho géint 3:30 Auer gemellt haten, gouf et eng technesch Pann un der Infrastruktur tëscht Clierf an Ëlwen. Aus deem Grond ware keng Zich tëscht Clierf an Ëlwen gefuer. Fir manner Zuchtrafic ze hunn, waren och d'IC-Zich, also d'Schnellzich, tëscht der Stad an Ëlwen ausgefall.

Alternativ konnt een deemno vun der Stad aus d'RE-Zich huelen, déi bis op Clierf gefuer sinn. Dës hale wéi gewinnt op de Garë Pafendall-Kierchbierg, Dummeldeng, Walfer, Miersch, Ettelbréck, Méchela, Giewelsmillen, Kautebaach, Wëlwerwolz, Draufelt a Clierf, deemno als Endstatioun.

Fir da vu Clierf op Ëlwen ze kommen, haten d'CFL Ersatzbusser en place gesat, déi tëscht den zwee Dierfer gefuer sinn.

Wéi annoncéiert, gouf den Zuchtrafic tëscht Clierf an Ëlwen vun 10 Auer un nees progressiv opgeholl an och d'Schnellzich aus der Stad Richtung Gouvy fueren nees. Um Site vun den CFL ass awer ze gesinn, dass weiderhi mat Retarden ze rechnen ass.

Retarden an Ausfäll och op anere Strecken

Wéi nach um Site vun den CFL ze gesinn ass, gouf et e Méindeg de Moie fréi och Stéierungen op de Strecke Richtung Rodange a Richtung Metz. Dës wieren zwar behuewen, trotzdeem kéint et op deene Linnen nach zu Verspéidungen an Ausfäll kommen.

Als Grond fir d'Retarden an d'Ausfäll e Méindeg de Moien haten d'CFL op hire Pannoen an der Stad "Vandalismus" uginn. Op Nofro hi krut RTL erkläert, datt géint 4:30 Auer e Convoi exceptionnel an den Tunnel beim "Rangwee" gerannt war. Dofir waren technesch Ekippe vun den CFL op d'Plaz geschéckt ginn, "fir eventuell Schied festzestellen, vue dass d'Bréck ënner d'Gleiser südlech vun der Gare Lëtzebuerg lafen". Fir d'Analys war den Zuchtrafic deemno "staark ageschränkt" ginn.

Genee betraff dovu waren d'Linnen: Lëtzebuerg - Esch/Uelzecht - Rodange, Lëtzebuerg - Thionville - Metz an deelweis déi sougenannten "duerchgebonnen Zich déi tëschent dem Norden an dem Süde vum Land fueren", wéi d'CFL schreiwen.

Weider Informatioune fënnt een an der App an um Site vun den CFL.

Back to Top
CIM LOGO