Luxmobil-2025-Enquête77% vu Lëtzebuerger Residenten zefridde mat hirem Aarbechtswee

Claudia Kollwelter
En Donneschdeg goufen d'Resultater vun der Enquête Luxmobil 2025 iwwer d'national Mobilitéit presentéiert.
77% vu Lëtzebuerger Residenten zefridde mat Deplacement bis op d'Aarbecht
En Donneschdeg goufen d'Resultater vun der Enquête Luxmobil 2025 iwwer d'national Mobilitéit presentéiert.

D’Etude Luxmobil 2025 weist, datt sech d’Mobilitéitsgewunnechte vun de Residenten a Grenzgänger zu Lëtzebuerg weider veränneren a sech lues a lues a Richtung méi nohalteg Mobilitéit entwéckelen. Dat gouf op enger Pressekonferenz am Mobilitéitsministère betount. D’Etude, un där ronn 9.000 Leit deelgeholl hunn, soll eng wichteg Basis fir déi zukünfteg Mobilitéitspolitik an den nationale Mobilitéitsplang 2040 bilden, dee Mëtt nächst Joer wäert presentéiert ginn.

D’Resultater weisen, datt d’Leit sech am Alldag op vill verschidden Aart a Weise beweegen. D’Weeër tëscht Doheem an der Aarbecht sinn zwar déi heefegst, maachen awer nëmmen 12,7 % vun allen Deplacementer vun de Residenten aus. Bei kuerze Strecken dominéiert d'ze fouss goen, wärend den Auto virun allem bei méi laange Strecken dominéiert. Gläichzäiteg hëlt d’Multimodalitéit zou, datt also ëmmer méi Leit verschidde Verkéiersmëttel matenee kombinéieren.

© René Pfeiffer

Am Verglach zu der leschter Etüd, déi 2017 gemaach gouf, huet sech sou munches geännert. Och wann d’Gesamtzuel vun den Deplacementer ëm 14 % geklommen ass, ass de Gebrauch vum Auto eleng nëmmen ëm 7 % geklommen. Am Géigesaz dozou sinn d’Weeër mam ëffentlechen Transport ëm 22 % an déi mam Vëlo esouguer ëm 81 % geklommen. Den Undeel vum ëffentlechen Transport ass vun 18,6 % op 20 % geklommen, wärend den Undeel vum individuellen Autosverkéier vun 55,7 % op 52,5 % gefall ass. Dat weist op e sougenannte „Modal Shift“ hin: ëmmer méi Leit wiessele vum Auto op alternativ Verkéiersmëttel wéi den ëffentlechen Transport oder de Vëlo. En Zeechen, datt den Invest weider héich gehale misst ginn, huet d’Yuriko Backes ënnerstrach.

Trotz den deelweis laangen Trajete sinn d’Leit gréisstendeels zefridde mat der Mobilitéit. 77% vun de Residenten hn bei der Etüd uginn, datt se zefridde wieren, wat hiert Deplacement vun doheem op d’Aarbecht ugeet.

Back to Top
CIM LOGO