
Et goufen zousätzlech Explikatioune bei der wallounescher Regierung gefrot, ënner anerem iwwer d'Modalitéiten an d'Ëmsetzung an der Grenzregioun.
Dat äntwert d'liberal Bauten- a Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hirem Parteikolleeg Marc Hansen.
Déi belsch Souveränitéit a punkto Verkéierspolitik wier zwar net a Fro ze stellen. Trotzdeem verweist d'Lëtzebuerger Regierung op d'Particularitéite vun der Groussregioun, op d'Risken an op d'Konsequenze vun esou enger Vignette, virun allem fir Leit, déi do schaffen.
Dernieft gëtt en negative wirtschaftlechen Impakt op de Commerce an der Groussregioun gefaart. Den Trafic kéint sech op méi kleng Strooss verlageren, dat ass eng weider Suerg aus Lëtzebuerger Siicht.
D'Lëtzebuerger Regierung huet bei der wallounescher Regierung d'Iddi vun enger Grenz-Zon an d'Spill bruecht, an där et keng Obligatioun fir eng Vignette géing ginn. Och misst séchergestallt ginn, datt déi belsch Maut-Pläng mat EU-Recht compatibel sinn.
Lëtzebuerg ass an dësem Dossier och a Kontakt mat der franséischer, däitscher an hollännescher Regierung, fir iwwer den Impakt vun de belsche Vignettë-Pläng ze beroden.