
Beim Täter handelt et sech ëm e 40 Joer ale Mann mat polnescher Nationalitéit. Éischten Ermëttlungen no konnt d'Affer sech wärend der Aggressioun befreien a fortlafen. Passante sollen hir net gehollef hunn. Si ass weider gelaf, bis se eng Policepatrull begéint huet.
Op Basis vun enger Beschreiwung konnt e Verdächtege festgeholl ginn. Géint hie gëtt elo ermëttelt wéinst versichtem Doudschlag, fräiwëlleger Kierperverletzung, Viol, sexueller Aggressioun a Vol. Den Untersuchungsriichter huet en Haftbefeel ordonéiert. Op der Plaz goufen och perséinlech Objete vum Affer fonnt. De Parquet rappeléiert d'Onscholdsvermuddung.