
Geschitt ass den Ugrëff an der Brinell-Schoul zu Fagersta. Wéi d'schweedesch Noriichtenagence TT mellt, wier de presuméierten Ugräifer vun der Police gestalt a festgeholl ginn. Si beruffe sech dobäi op lokal Autoritéiten. Lokale Medien no soll d'Police op hie geschoss hunn.
D'schweedesch Zeitung "Aftonbladet" huet geschriwwen, den Ugräifer wier mat enger Machete arméiert gewiescht an hie wier an d'Been getraff ginn. Weider mellt d'Zeitung, et géif sech ëm e fréiere Schüler vun 18 Joer handelen, dee scho wéinst Kierperverletzung virbestrooft wier an eng psychesch Erkrankung hätt. Dëst Donnéeë goufen net vun der Police confirméiert.
D'Police huet um Freideg den Owend matgedeelt, datt eng Persoun un de Suitte vun hire Blessure gestuerwe wier. D'Beamten hätten d'Läich fonnt, wéi si an d'Schoul erakoumen. De Chef vun der lokaler Police Tommy Alriksson huet och confirméiert, datt den Täter vu Polizisten ugeschoss a verhaft gouf. Weider huet hie matgedeelt, datt nach dräi Persoune vum Täter blesséiert goufen, zwee vun hinne schwéier. D'Gesondheetsautoritéite hunn dann am Laf vum Freideg matgedeelt, datt ënnert de Blesséierten zwee Kanner am Alter tëscht 12 a 17 Joer wieren.
Kuerz no 14 Auer wier den Alarm ausgeléist ginn. E puer Schoulen, Spillschoulen a Sportshalen an der Ëmgéigend goufe gespaart. D'Schüler an d'Enseignanten hu missen an de Gebaier bleiwen.
A Schweden koum et an de leschte Jore schonn zu e puer esou Virfäll a Schoulen. Am Februar 2025 war e Mann vu 35 Joer, e fréiere Schüler, an den Ausbildungszenter fir Erwuessener an der Stad Örebro agedrongen an hat 10 Persounen a sech selwer erschoss.
2022 hat e Schüler vun 18 Joer an enger Schoul zu Malmö zwou Enseignanten erstach an 2015 hat e Jonke vun 21 Joer bei engem rassistesch motivéierten Ugrëff an enger Schoul zu Trollhättan dräi Persoune mat engem Schwäert ëmbruecht, ier hie vun der Police erschoss gouf.