Securité routière kritiséiertZuel vun de Verkéiersdoudegen op europäeschem Niveau misst vill méi staark erofgoen

RTL Lëtzebuerg
Europa ass nach wäit dovu fort, säin Zil ze erreechen, bis 2030 d'Zuel vun de Verkéiersdoudegen ze hallwéieren. Dat constatéiert d'Sécurité routière e Mëttwoch an engem Schreiwes.
Symbolfoto.
© RTL

Zejoert hunn 19.500 Leit op europäesche Stroossen hiert Liewe gelooss, iwwer 100.000 Leit goufe schwéier blesséiert. Wärend den europäesche Schnëtt nach net op Kurs ass, weise verschidde Länner, datt et awer geet: Polen huet -43 Prozent verzeechent, Dänemark -32 Prozent an d'Belsch -31 Prozent. Norwegen a Schweden sinn iwwerdeems d'"Musterschüler" mat ronn 19 Doudesaffer pro Millioun Awunner.

D'Sécurité routière constatéiert, datt Lëtzebuerg grouss Progrèse gemaach huet a punkto Legislatioun, Infrastruktur, Informatioun an Educatioun.

Am leschte Joer sinn zu Lëtzebuerg 29 Leit am Stroosseverkéier gestuerwen, dovunner 12 Autosfuerer, 9 Motocyclisten an 8 Foussgänger. Virun allem am laangjärege Verlaf huet sech d'Situatioun verbessert, betount d'Sécurité routière: "Wéinst all dëse Mesüren ass d'Zuel vun de Verkéiersdoudege vun 132 an den 1970er Joren op 18 am Joer 2024 erofgaangen (den nidderegste Wäert, dee jee erreecht gouf) [...]."

D'Sécurité routière lueft dann och den "ambitiéisen" nationale Plang "Sécurité routière 2024 -2028". D'Efforten dierften awer op kee Fall reduzéiert ginn, sou d'Sécurité routière, déi sech eng nach méi proaktiv Approche wënscht, notamment bei elektreschen Trottinetten. D'Problemer mat deene Gefierer géife sech heefen an d'Lëtzebuerger Legislatioun wier am internationale Verglach laxistesch.

Back to Top
CIM LOGO