
De Marc Marquez iwwerhëlt no senger fënnefter Victoire dës Saison de Lead am WM-Klassement vun der MotoGP. No enger staarker Course huet hie sech viru sengem Brudder Alex an dem Pedro Acosta behaapt, woumat et e spuenesche Podium gouf.
An der Course war et en Op an Of fir de Spuenier. Nom Out vum Marco Bezzecchi an der éischter Ronn louch hien a Féierung, gouf awer kuerz drop vum Jorge Martin iwwerholl. An der 12. Ronn konnt hie sech d'Féierung zeréckhuelen an huet se uschléissend géint säi Brudder Alex verdeedegt. Och de Pedro Acosta an den David Aldeguer hunn de Martin iwwerholl. De Marc Marquez hat seng Chancen op de WM-Titel virun e puer Méint schonn ofgeschriwwen, elo ass hien nees WM-Leader. E Samschdeg hat hien och de Sprint virum Bezzecchi an dem Martin gewonnen.
An der Moto2 huet de Manuel Gonzalez mat senger fënnefter Victoire an dëser Saison säi Virsprong am WM-Klassement ausgebaut. Hie konnt sech däitlech virum Collin Veijer an dem Barry Baltus behaapten. Den Ivan Ortola an den Izan Guevara hu mat Plaz 4 respektiv 6 wichteg Punkten op de Gonzalez verluer.
D'Pilote vun der Moto3 ware schonn um 11 Auer un den Depart gaangen. Hei konnt sech den dominéierende WM-Leader Maximo Quiles knapp viru sengem gréisste Konkurrent David Almansa behaapten. De Brian Uriarte huet de Podium komplettéiert. Dem Quiles ass de WM-Titel wuel kaum nach ze huelen. Hien huet siwe Coursse viru Schluss bal 90 Punkte Virsprong op den Almansa. Um Circuit vu Misano war et seng aacht Victoire a säin zwielefte Podium an dëser Saison.
1 Marc Marquez 41:13,013
2 Alex Marquez +0,657
3 Pedro Acosta +2,326
4 Aldeguer +6,027
5 Jorge Martin +14,021
1 Manuel Gonzalez 34:57,913
2 Collin Veijer +2,451
3 Barry Baltus +4,692
4 Ivan Ortola + 5,785
5 Tony Arbolino + 6,068
1 Maximo Quiles 33:42,713
2 David Almansa +0,021
3 Brian Uriarte +1,343
4 Matteo Bertelle +12,219
5 Valentin Perrone +12,258
1 Marc Marquez 274
2 Jorge Martin 274
3 Marco Bezzecchi 241
4 Fabio Di Giannantonio 223
5 Pedro Acosta 209
1 Manuel Gonzalez 232,5
2 Izan Guevara 185
3 Ivan Ortola 157,5
4 Senna Agius 149
5 David Alonso 139
1 Maximo Quiles 281
2 David Almansa 174
3 Alvaro Carpe 159
4 Brian Uriarte 154
5 Marco Morelli 138