NLS8 um Nürburgring48 Losch Motorsport mam Dylan Pereira gewënnt Klass ProAM

Lynn Kayser
Andy Brücker
De Weekend ginn direkt zwou Courssen an der NLS um Nürburgring gefuer.

D'Team 48 Losch Motorsport mam Dylan Pereira huet e Samschdeg op engem Porsche 911 GT3 R EVO déi éischt vun zwou 4-Stonne-Courssen an der NLS um Nürburgring op enger gudder 6. Plaz ofgeschloss. Vill méi wichteg war awer d'Victoire an der ProAm-Kategorie. Den Dylan Pereira ass zesumme mam Patrick Assenheimer an Tobias Müller gefuer.

Am Qualifying war déi 10. Positioun erausgesprongen. Duerch e sëllege Code-60-Zonen op der Streck war et net méiglech um Enn vum Qualifying d'Zäit nach emol konsiderabel ze verbesseren.
De Lëtzebuerger war de Start um 12 Auer gefuer, wou jo ëmmer de Risk vun Accidenter besteet. En ass awer propper doduerch komm an huet sech aus gréissere Reiwereien erausgehalen. Den Tempo ganz un der Spëtzt konnt en net matgoen, huet den Uschloss awer gehalen. Hannert him war du schonn e Lach vun ongeféier 10 Sekonnen. Duerch ënnerschiddlech Boxestrategië ware se kuerzerhand bis op Plaz 3 no vir komm, ma dat huet net der reeller Situatioun entsprach.
All d'Pilote sinn eng feelerfräi Course gefuer a konnte sech doduerch nach bis op Plaz 6 no vir schaffen. Um Enn hate se 1min28 Réckstand op de Gewënner.

Fir d'Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon war et awer eng weider Victoire an der ProAM-Kategorie. Domadder kënne se hire Virsprong an där Wäertung weider ausbauen.

© Gruppe C Photography

Gewonnen huet d'NLS8 den Trio Klingmann, Pepper an de Wilde an engem BMW M4 GT3 EVO. Si haten e Virsprong vu just 0,308 Sekonnen op d'Piloten Heinemann a Schuring am Porsche 911 GT3 R. De Podium gouf komplettéiert vu Leuchter, Fugel a Fugel op Audi R8 LMS GT3 EVO II.

E Sonndeg gëtt eng weider Manche vun der NLS um Nürburgring gefuer. Hei dierften d'Kaarten nach emol komplett nei gemëscht ginn, well et geet een dovunner aus, dass et wäert reenen.

Back to Top
CIM LOGO