
Kuerz no 14 Auer e Mëttwoch de Mëtteg koum et zu Grostenquin an der Musel-Regioun zu engem tragesche Virfall. E Kand vun 18 Méint ass un de Suitte vun engem uergen Accident gestuerwen. Wéi de Republicain Lorrain matdeelt, wier d'Meedche sengen Elteren entwëscht, wéi de Papp amgaange war, virum Camping Capfun de la Tensch ze parken. Dobäi gouf d'Kand vum Papp mam Auto iwwerrannt.
Op der Plaz hunn d'Secouristen nach probéiert, d'Meedchen ze reaniméieren, dat ouni Erfolleg. De 45 Joer ale Papp gouf op Drogen an Alkohol getest. D'Resultater waren awer negativ. De Mann, deen aus Stuttgart an Däitschland ass, war grad mat senger Fra a senge véier Kanner um Camping ukomm. Alles deit op en trageschen Accident hin.
Der Famill gouf psychologesch Betreiung zur Verfügung gestallt, fir duerch déi schwéier Zäit ze kommen.