Am Quartier nogewisenInspection sanitaire kläert zu Bouneweg iwwert d'Tigermustik op

Dany Rasqué
E puer Milliliter ginn der Tigermustik schonn als perfekt Brutplaz duer. Si kann net extra gutt fléien a verbreet sech dofir éischter an der Noperschaft.
© Pedro Venâncio / RTL

Ekippe vun der Inspection sanitaire waren e Mëttwoch zu Bouneweg ënnerwee fir d'Leit driwwer opzeklären, datt d'Tigermustik bei hinnen am Quartier nogewise gouf an natierlech goung et dobäi och ëm Moossnamen, fir eng weider Ausbreedung ze verhënneren.

Déi mannste Leit waren iwwerrascht, wéi se bis wossten, firwat d’Inspection sanitaire un der Dier geschellt huet, well datt et Tigermustiken zu Bouneweg ginn, ass net ganz nei.

Esou eng Sensibiliséierungsaktioun wéi e Mëttwoch gouf et och schonn an der Vergaangenheet, zum Beispill viru ronn zwee Joer. Den Haaptmessage un d'Leit war, datt se sollen oppassen, datt néierens ronderëm d'Haus Waasser ass.

Domadder sinn net just déi grouss Reen-Tonne gemengt, mä och kleng Blummendëppen mat engem Teller drënner oder Spillsaachen. Wa méiglech soll näischt dorëmmer leien, wou sech Waasser ka sammelen.

E puer Milliliter ginn der Tigermustik schonn als perfekt Brutplaz duer. Si kann net extra gutt fléien a verbreet sech dofir éischter an der Noperschaft.

Back to Top
CIM LOGO