Hie gëllt als ee vun de Pionéier vun der Comic-Zeechnung zu Lëtzebuerg, huet joerzéngtelaang als Grafiker d'Affiche vun der Lotterie Nationale an der Foire entworf a krut mat 92 Joer de Buchpräis fir "De Pol muss an de Krich".
Elo ass de Pe'l Schlechter am héijen Alter vun 105 Joer gestuerwen, dat nëmmen e puer Méint, nodeems fir säin exzeptionellt Liewenswierk nach eng Expo am Konviktsgaart organiséiert gi war - do, wou den Auteur déi lescht Jore vu sengem Liewe verbruecht huet.
Mam Pe'l Schlechter verléiert Lëtzebuerg ee vun de kreatiivste Käpp, dee sech a sengem laange Liewen souwuel als Auteur, Zeechner a Grafiker en Numm gemaach huet. An alle perséinlechen Erënnerungen un den Auteur stieche säi klore Bléck op d'Gesellschaft an d'Liewen, säin Humor, réng Ironie a säin Optimissem ervir.
An Erënnerung bleiwen um kënschtlereschen Niveau d'Lausbouwe-Geschichten "De Bim an de Jopi", déi nom Zweete Weltkrich erauskoumen, grad wéi déi sëllege Comic-Serië fir d'Revue an dem Pe'l Schlechter seng Bäitreeg fir d'Lëtzebuerger Land, Nos Cahiers, vill Scouts-Publikatiounen an d'Warte.
Eréischt am héijen Alter huet de Lampertsbierger och ugefaangen, aner Geschichten nidderzeschreiwen. "De Pol muss an de Krich" sinn autobiographesch Erzielungen aus der Zäit, wéi hien an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gouf an dunn an Holland verstoppt war.
Dorausser gouf d'Buch, dat bei den Editions Binsfeld erauskomm ass, a fir dat de Pe'l Schlechter 2013 mat 92 Joer de Buchpräis krut.
Zesumme mat sengem Brudder Ger Schlechter ass hien och 1995 mat der Dicks-Rodange-Lentz-Plackett vun der Aktioun Lëtzebuergesch ausgezeechent ginn. De Pe'l Schlechter ass de Papp vum Schrëftsteller Pit Schlechter an de Monni vum Auteur Lambert Schlechter.
Der Famill vum Pe'l Schlechter op dëser Plaz eist opriichtegt Bäileed.