
Zu Löhne an Däitschland ass en 13 Joer jonkt Meedchen op sengem Vëlo vun engem Camion erfaasst ginn. D'Affer ass kuerz drop u senge Blessuren am Spidol gestuerwen. Wéi d'Police zu Herford en Dënschdeg mellt, ass den Accident e Méindeg op der Héicht vun engem Akafszenter geschitt.
D'Meedchen, dat erfaasst gouf, ass an der Nuecht op en Dënschdeg an enger Klinik un den uerge Blessure gestuerwen. D'Ermëttlungen iwwert de geneeën Oflaf vum Accident lafen dem Ament nach.