Pomas am Departement Aude39 Blesséierter duerch Tornado am Südweste vu Frankräich

RTL mat AFP
Bei engem Tornado zu Pomas am Südweste vu Frankräich sinn 39 Mënsche verwonnt ginn.

En Tornado huet e Méindeg den Owend fir massive Schued an engem Duerf am Departement Aude gesuergt, virun allem zu Pomas an zu Verzeille. Haiser goufe beschiedegt an 2.800 Stéit haten zäitweis kee Stroum. Ufanks war vun op d'mannst 41 Blesséietre rieds, ma duerno gouf des Zuel op 39 erof korrigéiert. Zwou Persoune goufe liewensgeféierlech blesséiert.

Eng schwanger Fra gouf blesséiert, wou hiert Haus iwwert hir an de Koup gefall ass, huet hire Mann géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Si hätt iwwerlieft, well si duerch eng Couche geschützt gi wier.

Dosende Blesséierter duerch Tornado am Südweste vu Frankräich
Bei engem Tornado zu Pomas am Südweste vu Frankräich sinn 39 Mënsche verwonnt ginn.

Vun de ronn 1.000 Awunner vum Duerf südëstlech vun Toulouse hu vill Leit Schutz an Nout-Hebergementer gesicht, oder sinn an Nopeschgemengen ënnerkomm. Eng 75 Pompjeeë waren e Méindeg zu Pomas am Asaz, fir Haiser ze sécheren, déi nach an de Koup fale kéinten. D'Police huet Stroossen, déi an d'Duerf féieren, gespaart.

Och ronderëm Pomas fanne sech nach eng sëllege Spuere vum Tornado, deen d'Duerf géint 17.20 Auer erwëscht huet. Futtis Gaardemiwwelen, Gelänner oder Isolatiounsmaterial läit op de Felder verspreet.

Déi drëtt Etapp vun der Vuelta a España, déi am Departement Aude sollt gefuer ginn, huet wéinst Knëppelsteng missen ofgebrach ginn.

Stierm a ganz Frankräich hunn e Méindeg den Owend fir Chaos gesuergt. Zich hate Retard, Stroosse goufe gespaart an och de Fluchverkéier war perturbéiert, ënner anerem zu Nice, Bordeaux a Marseille. Am Nopeschland kënnt et am Duerchschnëtt zu e puer Dosen Tornadoen d'Joer.

Liest och:

Back to Top
CIM LOGO