Kannerläich a Bësch bei Namur fonntErmëttler ginn dovun aus, dass et de vermëssten Tyméo ass

RTL Lëtzebuerg
Am Fall ëm de vermëssten Tyméo vu 5 Joer an der Belsch gëtt et eng traureg Entwécklung.
D'Police huet d'Gebitt, wou d'Läich fonnt gouf, groussraimeg gespaart.
D'Police huet d'Gebitt, wou d'Läich fonnt gouf, groussraimeg gespaart.
© BRUNO FAHY/Belga via AFP

Nodeems géint 11 Auer e Méindeg d'Läich vun engem Bouf an engem Bësch fonnt gouf, soll elo eng Autopsie klären, ob et sech ëm de 5 Joer jonken Tyméo handelt, dee mëttlerweil zanter gutt zwee Méint vermësst gëtt.

De Kierper gouf zu Onhaye fonnt, net wäit ewech vun Namur. Genee do gouf de klenge Jong Enn Juni als vermësst gemellt, zesumme mat sengem Papp, no deem weiderhi gesicht gëtt. Dat schwéier zougänglecht Gebitt soll am Laf vum Dënschdeg weider duerchsicht ginn. Verschidden Elementer, wéi Gezei, dat an der direkter Ëmgéigend vun der Läich fonnt gouf, deiten drop hin, dass et sech ëm de vermësste Jong handelt. Déi kierperlech Iwwerreschter wiere staark zersat an eng Autopsie soll fir Kloerheet suergen.

Fonnt gouf d'Läich, déi an engem schwéier zougänglechen Hiwwel mat vill Gehecks louch, no enger neier Zeienausso. De Bësch läit nëmme ronn zwee Kilometer Loftlinn vum Futtballsterrain zu Onhaye ewech. Do gouf den 28. Juni den Auto vum Tyméo sengem Papp Bryan Brigou entdeckt.

Wéi de Jong ëm d'Liewe koum, ass nach komplett onkloer. D'Ermëttler préiwen eegenen Aussoen no sämtlech Méiglechkeeten, vu Strofdot, bis zu enger Tragedie oder Accident. Parallel gëtt nom Tyméo sengem Papp gesicht. Den 29 Joer ale Mann aus Yvoir ass deen Dag zesumme mat sengem Jong verschwonnen. D'Ermëttler hoffen, hie weiderhi lieweg ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO