
Emotionell touchéiert, mä och determinéiert fir der Ukrain am Agressiounskrich géint Russland zur Säit ze stoen. Sou sot sech de Lëtzebuerger Premier no sengem Deplacement e Méindeg am Kader vum 35. Onofhängegkeetsdag vun der Ukrain.
Et war jo déi éischt Visitt vum Luc Frieden an der ukrainescher Haaptstad zanter hie Staatsminister ass. Mat op der Rees dobäi war och e Journalist hei vun RTL, a Persoun vum Jeannot Ries. Hien huet en Dënschdeg de Mëtteg am Gespréich mam Joel Detaille seng Impressiounen aus der Ukrain gedeelt, dat kuerz nodeems en um Findel gelant war.
Theme waren d'Geheimhaltung, d'Sécherheetsmesuren, d'Atmosphär an de Reestrajet u sech.
Den RTL-Journalist Jeannot Ries war um Méindeg mat der Lëtzebuerger Delegatioun zu Kiew. Hie verzielt eis, wéi hien déi Rees erlieft huet.
En Dënschdeg den Owend gëtt et dann am Journal op der Tëlee en ausféierleche Reportage.