
De Chef vun der KI-Firma Anthropic Dario Amodei huet en Appell lancéiert, fir bei der Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz méi lues ze maachen. Deem hu sech och den Elon Musk an de Sam Altman vun OpenAI ugeschloss.
A 6 bis 12 Méint kéint e Grupp vu KI-Agenten kapabel sinn, d'Kontroll vum ganzen Internet z'iwwerhuelen, esou den Anthropic-Chef. Dat kéint zu Schied a Milliarden-Héicht féieren.
Vu datt Anthropic an OpenAI soss ganz haart Konkurrente sinn, ass et éischter ongewéinlech, datt béid Firme sech op deem Punkt eens sinn.
Den US-President Donald Trump huet d'Sécherheetsbedenken hisiichtlech der Weiderentwécklung vu KI allerdéngs schonn zeréckgewisen. Fir hie géingen "negativ Kräften" hannert dëser Fuerderung stoen, sou den Trump e Sonndeg am Kader vu senger Visitt an Irland géigeniwwer Journalisten.