TierkeiVill Festname bei Policeaktioun géint LGBTQI+-Organisatiounen

AFP, iwwersat vun RTL
Begrënnt gëtt d'Aktioun offiziell mam Schutz vun der Famill.
Poliziste virun de Raimlechkeete vun enger vun de kontrolléierten Organisatiounen.
© HANDOUT/AFP

An der Tierkei sinn de Weekend eng sëllege Leit festgeholl ginn, wéi d‘Police LGBTQI+-Organisatiounen kontrolléiert huet. Dem Istanbuler Parquet no goufe 26 Leit festgeholl an d'Büroe vu 6 Vereenegungen duerchsicht. Offiziell ass dëst eng Aktioun, fir de Schutz vun der Famill, notamment well Kanner a Jugendlecher bei Froe ronderëm déi sexuell Orientatioun a Geschlechtsidentitéit ze vill beaflosst géifen. D‘Leit, déi festgeholl goufen, kréien offiziell Prostitutioun, Obszönitéit an Drogebesëtz reprochéiert.

Vun de betraffenen Organisatiounen heescht et, et wieren op d‘mannst duebel esou vill Leit matgeholl ginn. Donieft wieren d‘Internetsäiten an d‘Social-Media-Konte vun e sëllegen Organisatiounen an Aktiviste gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO