Pëtrolsversuergung weider ënner DrockBRICS-Länner plädéiere fir Deseskalatioun am Noen Osten

Annick Goerens
Um BRICS-Sommet gouf en Appell gemaach fir méi Zeréckhalen am Noen Osten. Dat besonnesch wéinst der Eskalatioun duerch de Konflikt am Jemen an der Gefor fir déi global Pëtrolsversuergung.
D'BRICS-Länner gesi sech als Géigegewiicht zum Westen a koordinéiere sech virop iwwer geopolitesch Froen.
D'BRICS-Länner gesi sech als Géigegewiicht zum Westen a koordinéiere sech virop iwwer geopolitesch Froen.
© ALEXANDER KAZAKOV/AFP

Indien a China wéilte fir béid Säiten eng akzeptabel Léisung fir hire Grenzsträit sichen. Dat soten den indesche Premier Modi an de chineesesche President Xi Jinping e Samschdeg um Sommet vun de sougenannte BRICS-Länner zu New Delhi.

Béid Atom-Muechte streide schonn zanter laangem ëm e Gebitt an den Himalaya-Bierger.

All d'Acteuren um Sommet hunn iwwerdeems en Appell gemaach, fir méi Zeréckhalen am Noen Osten. Et wier ee besuergt iwwer d'Eskalatioun.

Saudi-Arabien an déi Vereenegt Arabesch Emirater sinn zwee vun de méi neie BRICS-Memberlänner, déi direkt vum Iran-Krich betraff sinn – notamment och duerch de Konflikt am Jemen, deen duerch d'Huthi-Rebellen elo erëm opgeflaamt ass.

Pëtrolsversuergung ënner Drock

D'Risike fir déi weltwäit Pëtrolsversuergung gi weider an d'Luucht. An der Strooss vun Hormus gouf op en Neits e Schëff attackéiert, dat mellt déi brittesch Séihandelsorganisatioun UKMTO.

Wéi grouss de Schued ass, ass net gewosst. Och alternativ Routen iwwer eng saudesch Pipeline an iwwer dat Rout Mier sinn aktuell net méiglech.

E Samschdeg huet Saudi-Arabien zudeem eng wichteg Pipeline, déi Pëtrol queesch duerch d'Land vum Persesche Golf bis bei dat Rout Mier transportéiert huet, ausser Betrib geholl, well se duerch eng Dronen-Attack beschiedegt gouf.

Den US-President Donald Trump geet dovun aus, dass den Iran fir dës Attack op d'Pipeline responsabel ass. Dës 1.200-Kilometer-laang Leitung ass zanter dem Ufank vum Iran-Krich als eng Alternativ benotzt ginn, well d'Strooss vun Hormus blockéiert ass.

4–5 Prozent vun der weltwäiter Offer u Pëtrol fléissen duerch dës Pipeline, dofir wäerten d'Energiepräisser weider an d'Luucht goen. Ëmmerhin ass Saudi-Arabien dee weltwäit gréissten Exportateur vu Pëtrol.

An der leschter Woch war de Präis fir de Brent nees op iwwer 100 Dollar de Barrel geklommen.

Back to Top
CIM LOGO