
Een Atomreakter, deen eréischt virun enger Woch nees eropgefuer gouf, gouf op en Neits vum Netz geholl, well sëllege Jelliskäpp de Filtersystem verstoppe kéinten. Dat mellt d'Energieentreprise EDF en Donneschdeg. E weidere Reakter gouf dowéinst gedrosselt.
Domat funktionéieren am Moment just zwee vun den am ganze sechs Reaktere vum Atomkraaftwierk tëscht Calais an Dünkirchen normal. Ee weidere Reakter ass zanter der leschter Plo vu Jelliskäpp nach ëmmer aus, bei engem weidere gëtt aktuell Maintenance gemaach.
Hëtzt, Dréchent a Jelliskäpp hate Mëtt August ronn ee Fënneftel vun der Atomstroumproduktioun a Frankräich behënnert. Déi vill Jelliskäpp un der Küst vun Nordfrankräich sinn e reegelméissegen a saisonale Phenomeen. De Klimawandel an déi domat verbonnen Hausse vun de Mierestemperaturen droen dozou bäi, datt et weltwäit ëmmer méi Jelliskäpp ginn.
A Frankräich gi ronn 70 Prozent vum Stroum duerch Kärkraaftwierker generéiert. Am Ganzen huet d'Land 57 Reakteren. Wärend den Hëtztwelle goufen e puer Reakteren ofgeschalt, fir duerch d'Killwaasser d'Temperatur vun de Flëss net nach méi z'erhéijen.