
Et gëtt de Verdacht, datt déi dänesch Autoritéiten domat de Wuesstem a Grönland agrenze wollten. Dänemark war bis 1992 fir d'Gesondheetswiesen a senger fréierer Kolonie Gröndland responsabel. Antëscht ass déi gréisst Insel op der Äerd gréisstendeels autonom, gehéiert awer nach offiziell zum Kinnekräich Dänemark.
Kopenhagen wëll dëst Onrecht elo iergendwéi nees gutt maachen. Dat dänescht Parlament huet dowéinst gréng Luucht dofir ginn, fir betraffene Grönlännerinnen eng Entschiedegung an Héicht vu jeeweils ëmgerechent 40.000 Euro ze bezuelen. En Usproch op d'Zomm hu Fraen, deenen am Zäitraum tëscht 1960 an 1991 ouni hiert Wëssen oder hir Zoustëmmung Spiralen agesat kruten. Dofir komme schätzungsweis 4.500 Fraen a Fro.