Course poursuite mat der PoliceMat 154 km/h duerch den Zentrum vun Dortmund geflücht a Polizist ugestouss

AFP, iwwersat vun RTL
Course poursuite zu Dortmund: E Mëttwoch den Owend ass e Mann mat iwwer 150 km/h virun der Police duerch den Zentrum geflücht.
© AFP

Eng Patrull konnt de Mann kuerz drop stoppen, andeems si mat der Waff op hie geziilt hunn, doropshin huet de Mann de Réckgang ageluecht an e 33 Joer ale Polizist ugestouss a liicht blesséiert. Dono ass de Chauffer weider geflücht.

Wéi d'Police en Donneschdeg matdeelt, wier d'Course poursuite ugaangen, nodeems de Mann géint de Code de la route verstouss hat, sech awer net vun de Poliziste stoppen a kontrolléiere wollt loossen. Bei senger Flucht hätt de Mann eng Rei Rout Luuchten ignoréiert a wier däitlech ze séier ënnerwee gewiescht. Zeien haten der Police du gemellt, datt de Chauffer op de Parking vun engem Baumaart gefuer wier. Hei koum et dunn zum Tëschefall, bei deem de Polizist ugestouss gouf.

Bei der weiderer Flucht wier hien du mat 154 km/h geblëtzt ginn. Trotz Course poursuite, un där och en Helikopter bedeelegt war, konnt de Mann sech mat sengem Auto duerch d'Bascht maachen.

Back to Top
CIM LOGO