
D'Staats- a Regierungscheffe vun de sougenannte BRICS-Länner gesi sech e Samschdeg fir e Sommet zu New Delhi. Mat derbäi si Brasilien, Russland, Indien, China a Südafrika.
Nieft dem russesche President Putin gëtt och de chineesesche President Xi Jinping erwaart.
Dës Grupp gesäit sech als Géigegewiicht zum Westen a koordinéiere sech virop iwwer geopolitesch Froen. Si maachen zesumme ronn d'Hallschent vun der weltwäiter Populatioun aus a ronn 40 Prozent vun der weltwäiter Wirtschaftsleeschtung.