Gedenken un 9/11E ganzt Land an Trauer – Trump mécht Lien mam Irankrich

Pierre Jans
Haut viru 25 Joer war RTL mat enger Spezial-Emissioun op Antenn gaangen. Den 11. September 2001 konnt keen normale Journal gewise ginn.

Gedenken un 9/11

Amerika war an d‘Viséier vun Terroriste geroden.

D‘Attentater op de World Trade Center an de Pentagon hunn d‘Welt an Otem gehalen. D‘Konsequenze si bis haut ze spieren.

Haut um 25. Joresdag vun der Katastroph gouf an den USA un déi 2977 Doudesaffer – dorënner vill Pompjeeën a Polizisten – geduecht.

The bell of hope, d‘Glack vun der Hoffnung. Um 8 Auer 46, de Moment, an deem den éischten entfouerte Fliger an de World Trade Center gerannt war. Net emol 100 Meter nieft der St, Pauls Chapel, déi bei der Katastroph net zerstéiert gouf, läit Ground Zero.

Déi grouss offiziell Commemoratiounszeremonie, genee do, wou virun engem Véierels-Joerhonnert de Gros vun den am Ganze bal 3.000 Leit ëmkoumen.

Trotz vill Politprominenz - déi fréier Presidente Clinton, Bush, Obama a Biden hunn deelgeholl, den aktuelle Vize-President JD Vance war do, grad ewéi déi fréier New Yorker Buergermeeschteren Bloomberg, de Blasio an Giuliani, dee wärend 9/11 am Amt war, awer och deen neien, éischte muslimeschen New Yorker Gemengepapp Zohran Mamdani – trotz all deem, stoungen haut d‘Doudesaffer an hir Familljen am Mëttelpunkt.

All hir Nimm goufe virgelies tëscht am Ganze siwe Gedenkminutten op all de Commemoratiouns-Sitten: op de geneeën Auerzäiten, wou déi véier Fligeren agerannt, respektiv erofgefall sinn, wou déi zwee Tierm agestierzt sinn, an dëst Joer nei: eng Gedenkminutt fir all déi Leit, déi an de 25 Joer duerno u Krankheeten a Relatioun mat 9/11 gestuerwen sinn. Et sollen der an déi 9.000 sinn.

Politesch gouf et virum Pentagon am Bundesstaat Virginia, direkt vis—à-vis vun der Haaptstad Washington. Och den US-President Trump huet d‘Helden vun 9/11 geéiert. Ma hie ka sech manifestement net zeréckhalen a sou schwieft d‘Gespenst vum Krich, deen d‘USA zanterhier am Noen Osten féieren, och iwwer dëser Ried beim Pentagon.

"A mir soen all eise Militären Merci, déi aktuell dofir suergen, dass de Sponsor Nummer 1 vun Terror, d‘Islamesch Republik Iran, ni, awer wierklech ni Atomwaffe wäert hunn.“

The fight goes on, de Kampf geet weider.

Den George W. Bush hat den Iran schonn zu der Achs vum Béise gezielt. Den Defenseminister Pete Hegseth hat mat der Krichsrhetorik virgeluecht a virun enger konstanter islamistescher Menace gewarnt.

"Den 11. September 2001 war ee vun den donkelsten Deeg an der amerikanescher Geschicht, ma dat Béist hat net d‘lescht Wuert. Et wäert et och ni hunn. 25 Joer méi spéit ass Amerika esou staark ewéi nach ni. Grouss an houfreg!“

Allerdéngs huet eng ganz Generatioun, ronn 100 Milliounen US-Amerikaner keng perséinlech Erënnerung un d‘Attentater. Hinne bleiwen d‘Biller, déi d‘Welt deemools an Otem gehalen hunn, ma déi u Wichtegkeet net verluer hunn.

Back to Top
CIM LOGO