No Flutkatastroph am NepalKäschte fir Neiopbau op gutt véier Milliarden Euro geschat

AFP, iwwersat vun RTL
Déi nepaleesesch Regierung schätzt d'Käschte fir den Erëmopbau no der Flutkatastroph op ëmgerechent 4,12 Milliarden Euro.

Vun de 4,12 Milliarden Euro géingen ëmgerechent knapp 50 Milliounen Euro fir de kuerzfristegen Neiopbau an den nächste sechs Méint a méi wéi véier Milliarden Euro fir de längerfristegen Erëmopbau gebraucht ginn, sot e Spriecher vum Ausseministère e Freideg.

No Flutkatastroph am Nepal
Käschte fir Neiopbau op gutt véier Milliarden Euro geschat.

Déi nepaleesesch Regierung huet betount, datt den Himalaya-Staat laangfristeg international Ënnerstëtzung bräicht, fir sech un eng Bierglandschaft unzepassen, déi sech séier verännert. De Regierungschef Balendra Shah huet viru Kuerzem erkläert, datt säi Land d'Welt dorop hiweise misst, wéi eng Katastrophen et duerch de mënschegemaachte Klimawandel erlieft.

Nach dëse Mount soll de Shah fir seng éischt Auslandsrees op d'UN-Generaldebatt zu New York reesen. Als Entwécklungsland mat vill ländlechem Terrain an 30 Milliounen Awunner huet Nepal nëmme wéineg zum mënschegemaachte Klimawandel bäigedroen.

Back to Top
CIM LOGO