Feier op philippinnescher FärBis ewell 30 Läiche gebuergen

AFP, iwwersat vun RTL
D'"MV June Aster" gouf beim Feier komplett zerstéiert.
E Mëttwochowend hat et op der Fär "MV June Aster" gebrannt.
© HANDOUT/AFP

Nodeems et op enger Fär op de Philippinne gebrannt huet, goufe bis ewell op d'mannst 30 Läiche fonnt. Dobäi géing et sech allerdéngs nëmmen ëm eng éischt Zielung handelen, heescht et e Freideg vun de philippinnesche Gardes côte. Et hätt een deemno ugefaangen, d'Läiche vun de Leit, déi beim Accident gestuerwe sinn, ze biergen.

E Mëttwochowend hat et op der Fär "MV June Aster" gebrannt. D'Schëff wier deen Ament an der Géigend vun der Provënz Palawan ënnerwee gewiescht. Et wier bannent Sekonne komplett zerstéiert ginn. Den Ament vun der Katastroph waren enger Lëscht vun de Passagéier a Crew-Memberen no 134 Leit u Bord vum Schëff. An engem éischte Bilan war vu fënnef Doudesaffer rieds gaangen.

Back to Top
CIM LOGO