
De weltwäit aktiven Online-Händler Shein geet zu Hongkong un d'Bourse a wëll do 280 Milliounen Aktien ubidden. Domat wéilt d'Entreprise bis zu 13,86 Milliarden Hongkong-Dollar (knapp 1,5 Milliarden Euro) Recetten erakréien. Dat sot Shein e Méindeg an enger Matdeelung. D'Aktië sollen zu engem Präis tëscht 47,60 an 49,50 Hongkong-Dollar ugebuede ginn. Den endgültege Betrag soll den 31. August bekannt gemaach ginn.
D'chineesesch Maartopsiicht, samt CSRC, hat Shein am Juli accordéiert, kënnen un d'Bourse ze goen. Shein hat an der Vergaangenheet driwwer nogeduecht, zu New York oder London un d'Bourse ze goen.
D'Firma gouf 2012 a China gegrënnt an huet säi Sëtz zanter 2021 zu Singapur. Den Online-Händler ass mat sengem Geschäftsmodell, Gezei an aner Wuere bëlleg ze produzéieren a bëlleg ze bedreiwen, weltwäit erfollegräich ginn. D'Kritik ass allerdéngs grouss. D'Virwërf gi vu systematesche Plagiater iwwer e schlechten Ëmweltbilan bis hin zu Zwangsaarbecht. Déi meescht Shein-Fabricke fënnt een a China.
Shein verkeeft seng Produiten an iwwer 150 Länner. An Europa huet den Händler ronn 130 Millioune Clienten.