
Um Flughafen zu Leipzig gouf et an der Nuecht e gréissere Virfall: Bei engem ukrainesche Fliger gouf eng Dron séchergestallt, un där Sprengstoff fonnt ginn ass. Un der Dron war och eng Zündung drun. Konkret gouf se nieft enger Antonov-Transportmaschinn entdeckt an huet misse mat engem Sprengstoff-Roboter entschäerft ginn. Wärend dem Asaz war de Fluchbetrib ënnerbrach, eng Rei Volle sinn ëmgeleet ginn. En Deel vum Flughafen zu Leipzig ass dann och nach ëmmer gespaart.
An engem aneren Tëschefall ass dann e Fliger, deen eigentlech zu Leipzig sollt landen, iwwert dem Fluchhafe mat engem onbekannte Fluch-Objet kollidéiert. De Pilot huet d'Landung doropshi missen ofbriechen. Wéi e Spriecher vum däitschen Inneministère der Noriichtenagence AFP sot, konnt d'Maschinn awer méi spéit sécher zu Hannover landen.