
Israel hätt nëmmen en Entworf kritt an deem net zougestëmmt. Amplaz hätt d'Regierung eege Bemierkungen un d'Negociateure geschéckt.
De Plang gesäit vir, datt d'Hamas hir Waffen ofgëtt an d'israeelesch Arméi sech am Géigenzuch aus der Gazasträif zeréckzitt. Genee iwwer dëse Prozess gëtt et awer grouss Meenungsverschiddenheeten. Den Netanjahu betount, datt sech d'israeelesch Arméi net vun hiren aktuelle Positiounen zeréckzéie wäert, soulaang d'Hamas net komplett ouni Waffen ass.
Och d'Hamas knëppt eng méiglech Ofrëschtung un d'Bedingung, datt d'israeelesch Truppen als Alleréischt d'Gazasträif verloossen. Ob den Accord iwwerhaapt kann ëmgesat ginn, bleift domat onkloer.
No Gespréicher tëscht israeelesche Vertrieder an dem sougenannte "Friddensrot" gëtt et zwar weider Kontakter, mee en Duerchbroch ass bis elo net a Siicht.