
De Grond ass eng groussCyberattack op d‘Steierplattform a Frankräich. Betraff dovu ware bal 700.000 Konte vun Utilisateuren.
Am Juni huet d‘Steieradministratioun gemierkt, datt een an de System erakomm ass an huet deen Accès direkt gekappt. Ma deemools war net kloer, datt den Täter schonn Donnéeë geklaut hat. Dësen hat nämlech ëmmer erëm a klenge Quantitéiten Donnéeën ofgezaapt, esou datt dat de Sécherheetsservicer net opgefall ass.
Eréischt wéi d‘Attack revendiquéiert ginn ass an d‘Donnéeën op enger Plattform am Darkweb ze verkafe waren, huet d‘Administratioun de Virfall der nationaler Dateschutz-Administratioun gemellt. Dës gëtt dann elo och kritiséiert, net reaktiv genuch gewiescht ze sinn.