Si suergen dofir, datt d'Pompjeeë permanent mat Iessen, Gedrénks a Waasser versuergt ginn oder ënnerstëtzen direkt um Terrain. De Marcel Defrenne vun der belscher Croix-Rouge ass zanter e Samschdeg den Owend bal ouni Ënnerbriechung ënnerwee. Mat sengem eegene Gefier liwwert hie Kaffi, Waasser, Energy-Drinks, Mëtschen a waarmt Iessen op déi verschidde Kontrollpunkten.
Wéi vill Gedrénks a Liewensmëttel scho verdeelt goufen, kéint hien net méi zielen. "D'Demande ass grouss. Mir bréngen dauernd nees Kaffi, Iessen a Gedrénks bei d'Pompjeeën, déi zënter Stonnen am Asaz sinn", erzielt hien. Och vill Baueren aus der Regioun hunn hir Hëllef ugebueden. Esou och den Alain Feyen, deen zanter e Samschdeg den Owend mat sengem Trakter am Asaz ass.
Mat engem Faass, dat 11.000 Liter Waasser faasst, fiert hie laanscht d'Brandfront a mécht déi betraffe Beräicher naass, fir d'Feier um Ausbreeden ze hënneren. Fir hien ass et selbstverständlech, mat unzepaken. "Ech si gefrot ginn, ob ech kéint hëllefe kommen. Da si mer direkt lassgefuer, fir ze verhënneren, datt d'Feier sech weider a Richtung vun den Uertschaften ausbreet", seet de Bauer.
Wéi laang d'Benevoller nach am Asaz bleiwen, hänkt vun der Entwécklung vum Feier of. De staark wiesselende Wand mécht d'Situatioun weider onberechenbar a verlaangt och hinnen eng grouss Flexibilitéit of.