
Wéi et heescht, wieren d'Ekippe géint 18:41 Auer op Bullange (Büllingen) am däitsch-belschen Deel vun der Äifel geruff ginn. D'Awunner aus dem zerstéierten Haus goufe betreit an enzwousch anescht ënnerbruecht. Ma praktesch iwwerall an der Äifel goufe Beem entwuerzelt a hunn deelweis Stroosse verspaart, virun allem am Raum Amel, Büllingen, Bütgenbach a Weismes.
Och zu Ligneuville beispillsweis goufe schwéier Schied gemellt. An der Route du Waud an an der Rue de la Centrale sinn dem "Grenzecho" no eng Partie Diecher beschiedegt ginn. Ee Bam soll an eng Veranda gefall sinn. Persoune goufen, souwäit den Informatiounsstand bis elo, net blesséiert. Am Laf vum Owend huet sech d'Wiedersituatioun no an no erëm berouegt.
Iwwer d'Grenz a Rheinland-Pfalz huet de Stuerm méi Leed ugeriicht. Op d'mannst eng Persoun koum hei ëm d'Liewen. Beim Affer géif et sech ëm eng 58 Joer al Fra handelen, déi zesumme mat enger anerer Fra spadséiere war a wärend dem Stuerm ënnert engem iwwerdaachte Picknickberäich Schutz gesicht hat. Trotzdeem gouf si vun engem Bam erschloen, deen op de Beräich gefall ass, huet d'Police zu Koblenz matgedeelt. Hir 47 Joer al Frëndin huet iwwerlieft, ma ass schwéier blesséiert ginn.