Nach fir dëst JoerUS-President Trump plangt Entrevue mam nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Medie géigeniwwer huet den US-President Donald Trump gesot, hie wéilt sech nach dëst Joer mam nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un treffen.
US-Präsident Trump bemüht sich wieder um ein Treffen mit dem nordkoreanischen Machthaber Kim Jong Un. Einen Medienbericht zufolge könnte es am Rande des Apec-Gipfels im November in China zu einem Zusammentreffen kommen.
© AFP/Archiv

Scho virdrun hat den Trump ugedeit, datt hie mam Kim a Kontakt wier. Deem seng Schwëster, Kim Yo Jong, huet dogéint awer erkläert, datt hir esou eng Kommunikatioun "absolut net bekannt" wier. Bei enger Visitt vu senger neier Helikopter-Landeplaz beim Wäissen Haus sot den US-President géigeniwwer Reporteren, datt et him wichteg wier, sech mam Kim "gutt ze verstoen". Dësen hätt "57 immens mächteg Atomwaffen". "Dat hätte mir nimools dierften zouloossen. Wier ech President gewiescht, wier dat net passéiert (...) Mee elo huet e se nu mol."

Gläichzäiteg huet den Trump awer betount: "Ech versti mech immens gutt mat him - mat him wäert alles an d'Rei goen".

Et ass éischer ongewéinlech, datt en US-President ëffentlech Aschätzungen zu méiglechen Atomwaffe-Bestänn vun anere Länner ofgëtt, zemools well d'USA Nordkorea net offiziell als Atommuecht unerkennen. Dem Trump seng Ausso deckt sech net mat der Aschätzung vum südkoreaneschen Defenseminister Ahn Gyu-back, deen den nuklearen Inventaire vu Pjöngang op 80 bis 120 Atomwaffe schätzt.

Weider Detailer zu enger méiglecher Entrevue mam Kim Jong Un huet den US-President net genannt. Dem Wall Street Journal no géif hien awer en Treffen am Kader vum Apec-Sommet, vun der Asiatesch-pazifescher Wirtschaftscommunautéit zu Shenzhen a China consideréieren.

Back to Top
CIM LOGO